Pensioun

Queen krut der 60! net Joeren op der Welt dofir Joeren um engleschen Troun. Déi fréier Prinzessin Elisabeth vu York selwer ass der 86 – an nach ëmmer am Déngscht. An Zäiten vun engem verschäerften Sozialdialog – dat queesch duerch ganz Europa - froen ech mech op Queen och schonns dauernd op hier Pensioun ugeschwat gëtt. Am Verglach mat aneren ëffentlechen Ämter misst se déi Fro dann allerdéngs schonns eng hallef Éiwegkeet gestallt kréien. Heiheem ass den legalen Pensiounsalter 65 Joer respektiv et muss en 40 Joer cotiséieren. Doraus ergëtt sech en Duerchschnëttspensiounsalter vun 58 Joer - deemno wier Prinzessin Elisabeth heiheem schonns 28 Joer an der Pensioun, jiddefalls als Fonctionnaire respektiv Employée. Méi laang däerfen zu Lëtzebuerg nëmmen liberal Beruffer schaffen.
Et soll awer net d'Fro opgeworf ginn op d'Funktion vum Monarch elo de liberale Beruffer zou ze uerdnen ass oder net, villméi soll d'Fro gestallt ginn op dës Traditiounen an och Privilegiéier nach enger gesamt gesellschaftlecher Realitéit wéi och Entwécklung entspriechen. D'Kombinatioun vun Souverän a bloem Blutt gouf ëmmer als liewenslänglech Aufgab empfonnt, mam Ënnerscheed dat mer haut all – si sou gutt wéi mir - vill méi all ginn.
Während déi politesch Opfuerderung bei enger méi grousser Liewenserwaardung och méi laang Schaffen ze goen de Gewerkschaften kollektiv en Dar am Aen ass, sou gëtt en e Monarch am schlëmmste Fall iwwerhaapt net lass. A wéi eng 'voie hierarchique' soll engem Souverän dann och matdeelen dat et un der Zäit wier sech zréck ze zéien? Neen, si kënnen am beschte Fall hir Kroun an der eegener Bluttlinn weider ginn – wat awer net fir all Amt de Fall ass. Sou huet den Johannesburg Paul den II. bis zum Schluss Poopst misse sinn, egal wéi krank a schwaach en och wor. Sou gesinn fält d'Proklamatioun vun der Gläichstellung vun all de Mënschen, wat hier Rechter a Fräiheeten ubelaangt, dann awer ëmmer nach éischter an de Beräich vun der Theorie – egal wéi gutt dës och iwwerluecht ass. Deemno mécht den Constitutioun-Artikel vum Recht op Aarbecht sécherlech genau sou vill Suergen, wann net nach méi, wéi d'Fro vun de Pensiounen. Während déi eng schonns an der Halschent just nach vun där schwätze kënnen, also der Pensioun, hu vill anerer Gefill sinn kinnten roueg nach eng Halschent weider fueren. An um Beispill vun der Queen soll d'Fro erlaabt sinn wat dann dorunner sou falsch wier wann en sech nach fit a kompetent fir den Job hält?