Foussball, Opium an Orakelen

Ech war scho laang net méi am Kino op engem Samschdegowend wou sou wéineg Leit do ware wéi dëse Weekend. Kee Wonner, well Däitschland huet géingt Portugal Foussball gespillt, ee Match vun nationaler Bedeitung. Brout a Spiller, dat wosste schonn déi al Réimer, méi brauch et net fir d'Vollek bei Laun ze halen. A wierklech. Wann een de Moien eng Ëmfro gemaach hätt, firwat de Weekend d'Schicksal vu Spuenien um Spill stoung, hätten déi meescht wuel un de Match an der Ukraine geduecht, wou 22 Millionären engem Ball no gelaf sinn, net dee vu Bréissel, bei deem Spuenien ee Kredit vun 100 Milliarden Euro gewonnen huet. Bei der EM weess een alt, dass um Enn alt wéinstens ee Gewënner do steet, op mer bei der Eurokris herno net all als Verléier rauskommen, ass dogéint nach net sou sécher. Vläicht kéint een jo mol d'Orakel befroen. Net dat vun Delphi a Griichenland, mä eent vun deene sëllechen, déi däitsch Medien eis virun der EM no reng wëssenschaftleche Kritären aus dem Hutt gezaubert hunn. Nodeems den Tëntefësch Paul an iergend engem chinesesche Restaurant verschafft gouf, hu mer dëst Joer eng Kou, eng Eil, Elefanten, a souguer Möwen. Dass déi vu Fussball genee sou wéineg Ahnung hunn wéi déi meescht Experte vun der Eurokris, hält déi eng wéi déi aner net dovunner of, Previsiounen ze maachen, déi heiansdo souguer zoutreffen. An der Komplexitéit vun der heiteger Welt ass et kee Wonner, dass ee Sport wéi Foussball, bei deem et ausser der Abseitsregel näischt ze begräife gëtt, sou beléift ass : et ass Opium fir d'Vollek. Leit, déi wéi ech mat Foussball genee sou vill um Hutt hu wéi déi meescht aner mat Curling, sichen sech hire Favorit vir all Match iwwregens net no de Previsioune vun engem Orakel eraus, mä alleng no de Fändelen, déi d'Noperen am Quartier ronderëm op der Fassade hänken hunn. Wie gäre roueg schléift, hofft drop, dass ëmmer déi aner Equipe gewënnt. A lo stell mol ee sech vir, mir hätten dee faméisen nationale Stadion zu Léiweng oder soss iergendwou stoen, herno wéilt nach een d'EM bei eis organiséieren … d'Supporter aus alle Länner hu mer jo schonn op der Plaz !