Wann et stëmmt, dass d'Lëtzebuerger Jugend liddereg ass, a schlecht ausgebilt, dann hunn ech an Amerika ee Beruff mat Zukunft entdeckt, deen dozou bäidroe wäert, d'Jugendaarbechtslosegkeet massiv ze drécken. Ech schwätze vum Beruff vum Schlaangestoert.

Well dat lo net sou sexy kléngt, proposéieren ech och dee passende franséischen Titel: Agent de facilitation d'accès. Keen Türsteher, ee Virun-der-Tür-Steher. Well kucke mer wéi et ass : et gëtt näischt méi topeges wéi an enger Rei ze stoen, an drop ze waarden un den Tuer ze kommen.Et kascht Zäit, an Zäit ass Geld. Wann een also en Deel vun deem Geld, wat ee sou verléiert, hëlt, an engem anere gëtt, deen an engem senger Plaz déi Zäit verléiere geet, huet een ëmmer nach ee gutt Geschäft gemaach.

A genee do kënnt mäi Schlaangestoert an d'Spill. Sou aggressiv wéi d'Leit an enger Schlaang reagéieren, wann se den Androck hunn, ee géif sech virdrécken, sou egal schéngt et hinnen ze sinn, wann zwee Leit an der Schlaang mateneen d'Plaz wiesselen. De Schlaangestoert ass also een, deen engem anere géingt Bezuelung d'Plaz fräihällt.

Wéi de sprëchwiertleche Cantonnier gëtt en dofir bezuelt ronderemzestoen. Een Dramberuff. Dat ass dach Kabes, wäert sech lo muncheree soen, sou eppes fonctionnéiert vläicht an Amerika, awer net bei eis … Falsch, och zu Lëtzebuerg gëtt et fir Schlangestoerten een enorme Marché. Denke mer nëmmen un all déi Hännessen, déi all kéiers 2 Deeg virum Buttek campéieren, wann Äppel een neie Kabel erausbréngt. Oder d'Fans déi stonnelaang virun der Rockhal stinn, nach éi d'Dieren opginn, fir kënnen an der éischter Rei virun der Bühn ze stoen.

A wat ass mat all deenen aarmen Däiwelen, déi sech d'Been an de Bauch stinn op der Schueberfouer, fir op hiren Tuer op iergend engem Tuerm ze waarden. An all déi, déi an der Mëttesstonn während enger hallwer Stonn drop waarde mussen, fir däerfe bei der Théik hiert Bréitchen ze kafen.

All dës Leit si potentiell Clientë fir ee Schlangestoert. Et ass nach just eng Fro vun der Zäit, éi een eng App programméiert, iwwer déi sech Schlaangestoerten an Schlaangenofkierzerten coordinéiere kënnen.

Ech hunn am Moment grad een an der Schlaang virum Patentbüro stoen, deen drop waart, dass ech un den Tour kommen, fir mer déi Idee reservéieren ze loossen.