Eng Keess am Buttek ass do fir datt ee seng Akeef ka bezuelen. Awer net nëmmen, mengt de Gibbes Bertolo …

Net ëmmer, awer ëmmer méi dacks. Jo, ech benotze mëttlerweil och déi automatesch Keess am Supermarché. Well een hei relativ séier bäikënnt a well et och schëtzeg geet – mat der Zäit huet een den Trick eraus, wéi ee korrekt scannt a wéi eng Tasten ee muss drécken, fir datt alles ouni Problem ofleeft.

Et ginn awer och Supermarchéen, déi nach keng automatesch Keesen installéiert hunn, aus wéi enger Ursaach och ëmmer. Do muss ee sech da mat sengem Weenchen oder mat senge puer Artikele bei sou enger almoudescher Keess an d’Rei stellen a waarden, bis een un den Tour kënnt. A vläicht muss een dann och nach e puer Wuert mat der Caissière poteren, eventuell souguer op franséisch. Wat e Stress awer och.

Mä enges Daags sinn och déi Zäiten eriwwer. Da sti mer all zesummen an der Schlaang a scannen, wat de Barcode sou hiergëtt. An dann denke mer voller Nostalgie un déi vill flott Momenter zeréck, wou d’Band nach gelaf ass an d’Caissière op hirem Stull een Artikel nom anere laanscht de Laser defiléiere gelooss huet. An och alt emol den Telefon an de Grapp huet missen huelen, fir am Uebst- a Geméisrayon nozefroen, wat dann elo déi Tomate kaschten, déi eiseree vergiess hat, weien ze loossen, resp. selwer ze weien.

Onvergiesslech awer och déi Momenter, wou een d’Waarden domadder iwwerbréckt huet, deenen anere Clienten nozekucken, wa se hir Akeef dohinner getässelt hunn, an iwwerhaapt war et ëmmer nees interessant ze gesinn, wat aner Leit dann sou alles brauchen a kafen. Jo, dee léiwe Virwëtz ...

An dann natierlech déi Persoun, déi eis herno gesot huet, wat et kascht. Meeschtens weiblech a meeschtens frëndlech a gutt gelaunt. Dacks ass et nëmme bei engem “Moien, Äddi a Merci” bliwwen, heiansdo gouf et awer och mol deen een oder anere sympathesche Small-talk.

Also datt mer eis gutt verstinn: déi Zäite si jo nach net eriwwer. Nach ass net alles automatiséiert, nach kënne mer eis d’Keess erauswielen. An d’Caissière och. Mä éiweg wäert dat wuel net méi esou bleiwen, do brauche mer eis näischt virzemaachen. An dowéinst genéissen ech nach heiansdo déi human Momenter, wann et ëm d’Bezuele geet.

Net ëmmer, awer mol nees méi dacks.

RTL