Tattoo you

„Tattoo you“ ass den Titel vun engem Rolling Stones-Album aus ëm Joer 1981. Anscheinend sinn awer weder de Mick Jagger nach de Keith Richards tätowéiert. Wann den Tattoo viru Joeren nach d’Visitëkaart vum raue Rockmuseker war, esou steet de Footballist deem haut an näischt no. Dem Gibbes Bertolo ass dat och opgefall ...
An dorëms geet et jo, oder ? Opfalen. Oder „stécht“ méi hannendrun ?
Bei der Football-EM fält et dëst Joer besonnesch op. Kaum e Profi, deem seng Äerm oder Wueden net mat kreative Phantasiemolereien oder Schrëftzich dekoréiert sinn. Den Hollänner Wesley Sneijder, den Dän Daniel Agger, de Portugies Raul Mereiles oder den Italiener Daniele de Rossi si wuel déi spektakulärst Exempläre vun hirer Zort.
Ech sinn net tätowéiert, et war mer ni dono. Dat bedeit awer net, datt ech eppes géint e flotten Tattoo anzewennen hätt, alles eng Affär de Gôut. En huet jo och schonn eng laang Traditioun an d’Etymologie vum Numm léisst drop schléissen, datt dës Konschtform net op eiser Mëscht gewuess ass. Tattoo kënnt vum tahitianesche Wuert „tatau“, wat sech wuel aus deem Geräisch entwéckelt huet, dat den traditionellen Tätowéierkamp vu sech ginn huet, wann en op d’Haut geschloe gouf. Haut ginn et do jo aner Methoden. Mä schonn den Ötzi huet sech viru ronn 5000 Joer picke gelooss an déi rituell a sakral Bedeitung vum Tattoo zitt sech duerch quasi all Kulture vun dëser Welt, vun de polynesesche Maori bis bei déi japanesch Yakuza.

Bei eis waren et fréier vrun allem Matrousen a Prisonéier, déi sech en Anker oder den Numm vun hirer Léifster veréiwege gelooss hunn. Haut si mer wuel am Mainstream gelant an et dierf ee gespaant sinn, ob a wéi den Trend virugeet. Experte soe viraus, datt en an den USA an an Neiséiland ferm amgaangen ass ofzehuelen. Ech wëll net wëssen, wéi ville Fraen hire „lower back tattoo“, fir en mol dezent esou ze nennen, mëttlerweil esou eppes vu Leed deet.

Jugendsënn oder Gesamtkonschtwierk ? 0,5 bis 1,5 Millimeter geet engem de Kierperkult ënnert d’Haut. Liewensphilosophien, Glécksbrénger, Erënnerungen oder einfach nëmmen Dekoratioun – der Phantasie si keng Grenze gesat. En Tattoo ass op alle Fall eppes ganz perséinleches, dat effektiv keen engem méi ewechhëlt.
Ech si gespaant, wien sech dann elo nom 1. Juli wouhinner den EM-Titel tätowéiere léisst. Fir all anere gëllt ëmmer nach de Verglach mam Bestietnes: et soll ee sech d’Saach viru gutt iwwerleeën !
