Op der Football-Europameeschterschaft ass haut den éischte Roudag. Zäit, de Spektakel vun de leschten 2 Woche revuepasséieren ze loossen. Mir stéisst dobäi eppes op. Obwuel een net behaapte kann, ech hätt Problemer mam Sport u sech.

Gewëss net. Ech spille leidenschaftlech gär Fussball, an hunn och mäi Spaass drun, deenen dobäi nozekucken, déi effektiv mam Ball zaubere kënnen. Wann et op der Tëlee esou richteg spannend ass, da gëtt mir esouguer d'Fläsch Béier an der Hand waarm, well ech alles ronderëm ausblennen. Elo kéint ee mengen, dass de Futtballfrënd hautdesdaags ëm sou méi an de Match eragezu gëtt, well all Match wéi e Film inszenéiert gëtt. Och d'Europameeschterschaft genéisse mir mëttlerweil an HD-Bildqualitéit, et si méi Kameraen op den Terrain geriicht wéi Spiller drop stinn, a vun deem Moment u wou d'Sportler an de Katakombe stinn a sech prett maache fir erauszelafen, ass praktesch alles duerchorchestréiert. Dem „Big Brother“ an der Videoregie entgeet näischt méi. Fir all Aktioun am Spill, vun der einfacher Pass bis bei den Ielebou, deen ee Spiller engem anere beim laanschtlafen heemlech an de Réck stéisst, gëtt et Biller, an déi esouguer meeschtens nach an der héichopléisender Superzäitlupp aus zéch Perspektiven.

Et si fir mech awer alles just technesch Spillereien, déi dem Fussball grad dat ewechhuelen, wat e spannend an interessant mécht. Wëll ech e kritesche Foul am Strofraum wierklech op d'Honnertstelsekonnen erofgebrach op den Ecran gezaubert kréien? Wat gëtt dat mir méi un Informatioun? Bei dëser EM huet sech e Reporter esouguer zu der Ausso hiräisse gelooss, de grad erliefte Foul wier, dem Ralenti no, a sengen Aen eng giel Kaart wäert gewiescht. Mä der „Super Slow Motion“ no ze uerteelen, wier et awer nëmmen hallef esou schlëmm, sot hien. Mir fänken un, de Sport no Kritären ze beuerteelen, déi net reell sinn, just well et technesch méiglech ass. A mir ënnergruewen domat d'Autoritéit vum Arbitter, där Persoun déi eigentlech an engem Match de Fiels an der Brandung soll sinn, där Instanz déi net soll a Fro gestalt gi fir dass een op mannst déi fest Upak huet. Dee kann d'Zäit net unhalen an e kritesche Moment nach emol penibel genee auserneeplécken. Hie muss seng Decisioun direkt huelen, opgrond vun deem wat hien oder seng Assistente gesinn hunn. Hien iwwersäit natierlech och alt emol Saachen, mä dat ass mënschlech. Sport ass mënschlech. A genee wéi d'Liewen, ass hien heiansdo ongerecht. Wa mir op de Wee vun der totaler Kontroll wëlle goen, da musse mir dem Onparteieschen och erlaben, d'Spill no all kritescher Aktioun kuerz unzehale fir d'Videowidderhuelung ze kucken an dann eréischt ze decidéieren. Dat wier konsequent.

Den Afloss vun der totaler technescher Mediatiséierung vum Futtball ass leider och bei de Spiller selwer ze gesinn. Fréier huet een engem Spiller nach ugesinn, ob e wierklech wéi hat wann e vun de Bee geholl gouf, oder ob et nëmme Show war. Well et waren ëmmer Momenter do, wou hien sech sécher war, dass d'Kamera net méi op hie geriicht wier. An dunn ass säi Schauspill opgeflunn. Mä haut gesinn sech d'Spiller scho selwer duerch d'Kamera-Perspektiv, a jéimeren oscar-räif, wann ee mam klenge Fanger widdert si kënnt. Do ginn esouguer d'Schauspiller jalous. Vu Spiller à la Cristiano Ronaldo guer net ze schwätzen, déi direkt no enger spannender Aktioun direkt de Kapp hiewen a Richtung Stadion-Leinwand kucken, fir festzestellen, ob si grad am „Gros plan“ gewise ginn.

Muer geet et weider op der EM. D'Kamerae lafe scho waarm.