Elektroschrott zu Gold

Iwwer 300.000 Euro huet ee Sammler bei enger Stee Ufank des Mounts dohinner gebliedert, fir een Apple I ze kafen. E puer al Kabelen, e bësse Plastik, e puer Gramm Silizium. Domadder ugefaangen ass allerdéngs näischt méi, a wann een et genee hëlt, war en schonn 1976 fir net vill ze gebrauchen. Nei huet dee Baukasten 1976 den Equivalent vun ongeféier 500 Euro kascht.
Au Vu vun där 600facher Wertsteigerung ee gudden Invest. De Verkeefer wäert glécklech sinn, sech all déi Jore vu kenger Recycling Prime, kenger Antausch-Offer, kenger Heeschenaktioun an och soss kenger Promo dozou hiräisse gelooss ze hunn, dat gutt Stéck géingt méi een neie Modell ëmzetauschen.
A firwat hätt en och sollen? Souguer no 30 Joer fonctionnéiert deen Apple I nach ëmmer. An dat ass eppes, wat ee vun deene meeschte vu sengen Nofolger schonn no 3 Joer net méi behaapte kann.
Dat ass duerchaus gewollt. Ënnert dem Numm Phoebus Cartell ass schonn an de 40er Joren eng illegal Ofsprooch tëscht Philipps, GE an Osram bekannt ginn, déi dorobber erausgelaf ass, d'Bieren esou ze bauen, dass se no spéitstens 1.000 Stonnen de Geescht géifen opginn. Dass dat kommerziell Sënn ergëtt, gesäit een an der Stad Livermore bei San Francisco. Do brennt eng Bier vun 1890, déi nach ni huet misse gewiesselt ginn. Souvill zum Thema Spuerbieren.
Um Internet gëtt et mëttlerweil eng ganz Rei Säiten, déi sech mam Phänomen vun der geplangter Obszoleszenz bei moderner Elektronik ausernee setzen. Apparater, déi sou gebaut sinn, dass se no e puer Joer net méi fonctionnéieren, schonn alleng, fir dass mer da rëm neier kafen.
D'Jugend ass do scho méi wäit, do muss den Handy souwisou all 6 Méint ausgetosch ginn, well ee sech soss um Schoulhaff domadder net méi weise kann.
Mäi Rot ass dofir deen hei: nei Elektronik kafen, an net benotzen. Einfach agepaakt am Keller leie loossen. Well nëmme sou kann ee sécher sinn, dass dee Krom an 30 Joer nach fonctionnéiert. Net dass een dann nach eppes domadder ufänke kéint … mä iergend een Trëllert fënnt sech bestëmmt, dee, wéi haut fir een Apple I, een exorbitante Präis op den Dësch bliedert, fir am Joer 2042 mat engem dann historeschen iPad ze spillen. Elektroschrott zu Gold. Et muss ee just Gedold hunn.