Wiem gehéiert d'Insel?

Nee, ech schwätzen net vu Palma de Mallorca- och wann ech grad fir e puer Deeg do war a mech all Dag gefrot hunn, ob ech dann elo a Spuenie war oder dach an... Dir wësst schonn. Meng Fro nom Proprietaire geet dach méi wäit – souwuel an der Zäit wéi an der Diskussioun, déi nach ëmmer méi wéi eescht ass. D'Fro nom Proprietaire vun den Falkland-Inselen, déi politesch Groussbritannien gehéieren a geographesch a Südamerika leien, ass en Dauerbrenner. Entdeckt hat se en Englänner vu wäit, als éischte betratt hat se en Englänner, deen hinnen och hire Numm ginn huet, besidelt haten se d'Fransousen als Îles Malouines, duerno kruten d'Spuenier se an duerno d'Englänner.
Zënter 1833 awer wëll Argentinien d'Islas Malvinas, well ëmmerhinn leien déi 200 Inselcher, nëmme knapps 400 Kilometer vun do ewech, an dat ass, sou de Motiv,jo awer vill méi no, wéi déi 14 000 Meile bis a Groussbritannien. Trotzdem d'Englänner ginn hir Falkland-Inselen net hir. Dat hat viru genau 30 Joer da schonn emol fir e bluddege Krich gesuergt. 11 Woche Kämpf, iwwer 1000 Doudeger.
Mä all Joer deelt Argentinien mat, datt et en Usproch op déi 12 000 km² erhieft.
Den Hin- an Hir geet weider. Kee Wonner ëmmerhin ass elo gewosst, datt eng 60 Mio Barrel Uelech do kéinte lageren.
D'Regierung vun de Falklandinselen wëll 2013 e Referendum maachen. Dat wollt e Vertrieder an engem Bréif der argentinescher Presidentin Cristina Kirchner lescht Woch zu New York bei der UNO iwwerreechen. De Bréif gouf net ugeholl, den Ausseminister konnt oder wollt dat net am Numm vu senger Presidentin maachen.
Lo gouf et prompt eng Äntwert. Am mexikanesche Las Cabos, wou de G20 Sommet grad ass, wollt d'Madame Kirchner dem britesche Premier David Cameron eng Enveloppe ginn, op där anscheinend „Malvinas“ stoung. De Cameron huet refuséiert.
Bréiffrënn gi se wuel keng! Mä si kéinten et jo probéiere mat mailen, smsen, twitteren oder ganz klassesch mat schwätzen. Alles ass sécher besser wéi krichen.