Futtballer an hir Coiffuren

Wat hunn de Zlatan Ibrahimovic, de Philippe Mexés an den Andy Carroll gemeinsam? Allen 3 hunn se jo mat méi oder manner Erfolleg hir Nationalfaarwen bei der EM 2012 vertrueden, den Ibrahimovic war zwar scho no der Virronn nees doheem, mä net ier een vun deene wuel schéinste Goaler vun dësem Tournoi geschoss huet. Awer, nee, si deelen net nëmmen hir futtballeresch Qualitéiten, mä ganz banal...hir Coiffure. An wéi e Spiller seng Hoer huet, schéngt am Futtball guer net esou onwichteg ze sinn. Op en elo guer keng huet wéi de fréiere brasilianeschen Nationalspiller Ronaldo, eng Rastacoiffure à la Clarence Seedorf den ouni seng laang Hoer bal net méi erëmzeerkennen ass, oder souguer en Trendsetter ass wéi de Kevin Keegan an den 80er Joren... langweileg gëtt et op alle Fall ni.
Iergendwéi ass et jo och ze verstoen, well déi 11 Spiller jo déiselwecht Trikoten unhunn, kënnen se sech nëmmen duerch hir Hoer vuneneen ënnerscheeden. Oder och net, wéi déi rumänesch Nationalspiller déi sech bei der WM 1998 alleguer blond gefierft hunn.
Mat der Faarf kann ee spillen, ob laang oder kuerz, do huet d’Natur awer nach e Wuert matzeschwätzen. Sou zum Beispill beim Wayne Rooney, den jo d’läscht Joer duerch Hoertransplantatioune vu sech riede gemaach huet. Hien huet och zouginn dass e ganz gären Hoer wéi den Andy Carroll hätt. Dofir huet en sech souguer extra bei sengem Teamkolleg Hoerspray ausgeléint. Villäicht huet ëm dat jo bei sengem Kappball géint d’Ukraine gehollef...
Alles an allem kënnt engem eng Futtball EM oder och WM heiansdo vir wéi eng Moudeschau. Nieft de Coiffuren ass an der Läscht nach eppes dobäikomm, wann d’Spiller no de Matcher d’Trikoten tauschen, gëtt kloer dass den een oder anere vill Zäit am Tattoo-Studio verbruecht huet...
Et gesäit een also, sou eng EM ass jo haaptsächlech eng grouss Show an do gehéiert dat einfach dozou... Just eppes ass domat bewisen: et si wuel awer net nëmmen d’Dammen déi sech Gedanken ëm hir Hoer maachen.
Bea Kneip
Radio Lëtzebuerg