E Meeschterwierk – dem Stanley Kubrick säin 2001 – A Space Odyssey. Sollt der en nach ni gesinn hunn, onbedéngt kucken! Zwou Viraussetzung: Éischtens de Wëllen, de Film bis zum Schluss ze kucken, an zweetens Gedold, wien nämlech no enger Véirel-Stonn mengt, den DVD oder Stream wier futti respektiv korrupt, muss wëssen, datt déi éischt 22 Minutte vum Film kee Wuert geschwat gëtt! Iwwregens besteet de ganze Film zu 70% ouni Dialog.

Haut kenne mer dat anescht: Kommunikatioun – iwwerall an ëmmer geet geschwat, dofir inhaltlech gréissten Deels irrelevant. Am beschte Science-Fiction-Film vun allen Zäiten – sou den amerikanesche Filminstitut - huet de Kubrick ënnert anerem eng Visioun, wéi déi technesch Zukunft vum Mënsch soll ausgesinn – mam Numm HAL 9000. E Super-Computer: super intelligent a schnell mat enger kënstlecher Perséinlechkeet an enorm grouss, fir all déi Informatioun ze verschaffen.

Haut wësse mer: De Kubrick hat Onrecht. De Computer ass zwar immens performant ginn, awer fir de Rescht just méi kleng! Engem moderne Rechner säin Iwwerleeës ass nach ëmmer wäit ewech vun all hallefweegs serieuxem Autonomiebegrëff - wéi dat beim HAL 9000 de Fall wor.

Sou wéi de Kubrick gi mer all ëmmer erëm d'Affer vun sou Profezeiungen – virun allem am technesche Beräich. Dee leschte Coup vun dëser Industrie: den digitalen Agenda – och nach Smartphone oder -Tablett genannt. War fréier de Mënsch intelligent genuch, fir eng Agenda ze féieren, ass et haut den Apparat, deen 'smart' genuch muss sinn, fir dat ze iwwerhuelen. Entwéckelt, fir eis d'Liewe méi einfach ze maachen, endlech eriwwer de Stress, wann d'Agenda doheem vergiess gouf oder - guer net auszedenken -, wann se verluer goung. Eis nei 'shared calendars' sinn iwwerall a permanent accessibel, sief et via Internet oder duerch Synchronisatioun mat engem Backup hannert iergend enger Wollek.

Konsequenz: Eng nei Vollekskrankheet: Alles ass ëmmer an iwwerall nei verhandelbar. Déi nei technesch Méiglechkeete maachen eisen Alldag net méi einfach mä just méi schnell, also stresseg. Wär et fréier wichteg, sech ofzeschwätzen, wéini a wou en sech gesäit, gëtt haut einfach all RDV ugeholl fir sech dann 5 Minutten virdrun per SMS oder E-Mail ofzemellen, respektiv en neien Termin virzeschloen – all Betraffe ginn direkt informéiert.

Dir wëllt do net oder net méi mat maachen? Kee Problem: Einfach erëm mat engem Agenda aus Pabeier schaffen; a fir datt et klappt, nëmme Rendez-vouse mat Leit ausmaachen, déi och erëm do ukomm sinn. A sollt emol awer eppes net klappen, da kann e jo den Telefon fir dat benotzen, woufir e geduecht ass: nämlech engem unzeruffen an dat direkt klären!