Et ass Juli ! Dat heescht dass demnächst Schueberfouer ass, dann Allerhellgen, an dann ass d'Joer eriwwer. Virdrun ass awer mol Vakanz. De Lëtzebuerger ass jo gär vill ënnerwee, an et gëtt wuel kaum méi en Eck um Globus, wou nach kee Vetrieder vun eiser glorräicher Natioun ee Fouss higesat hätt. An awer weess op deene meeschte Plaze kaum een eppes mat Lëtzebuerg unzefänken. Do kann eis Regierung nach sou vill a komesch Filmercher investéieren, am Ausland heescht et oft genuch : Luxembourg, isn't that Germany ?

Ech fir mäin Deel hunn d'Saach opginn: wann ech op engem aner Kontinent ënnerwee sinn, da sinn ech Belsch. Ee Belsch mat Lëtzebuerger Pass, an där ginn et jo wierklech all Joers méi, wéi rezent Statistike beweisen. Um Comptoir well souwisou keen de Pass gesinn, als Belsch duerchzegoen ass also einfach. Lëtzebuerger ze sinn ass ustrengend, dauernd muss een erkläre wou dat läit, dass do wierklech manner Leit liewe wéi an enger chinesescher Klengstad, an nach manner Lëtzebuerger, wat ee Grand-Duc ass, a firwat eise Premier iergendwéi de Chef vun Europa ass.

A wann ee bis fir d'Fofzegst professéiert huet, dass Lëtzebuergesch net Däitsch ass, mä eng eege Sprooch, an awer a kengem Buttek ze gebrauchen, da fänkt d'Saach u mer op de Geescht ze goen. Belsch sinn dogéint, dat ass richteg agreabel. Duerch d'Europäesch Kommissioun an d'Nato weess souguer am Kentucky jiddereen, dass dat en eegent Land ass a Westeuropa. Kee Mënsch ass jalous op ee Belsch, well en an engem Steierparadäis liewe géif, an awer gëtt een net sou matleedeg gekuckt wéi ee Griich, dee Faillite ass, oder ee Fransous, well e Fransous ass. Sou genee weess keen, wat eigentlech leeft an der Belsch, a well een dovunner ausgoen däerf, dass et zimlech komplizéiert ass, freet och keen no.

Bref: wann een dech freet vu wous de kënns, an du sees aus der Belsch, ass dat Thema da mol ofgeschloss. A well den Abbes, Roi des Belges an eise Grand-Duc jo Famill matenee sinn, brauch ee sech als falsche Belsch och keng Suergen ze maachen, déi richteg Monarchie verroden ze hunn. Et gëtt just eng Situatioun, wou mäin Trick net sou gutt fonctionnéiert, nämlech wann engem ee Flammänner begéint. Mee dat ass dann eng aner Histoire Belge...