En ale Rideau

All Alter huet säin Mediekonsum – oft als Resultat vun biographeschen Detailer, also wou en am Liewe grad sou steet. Ech fir méin Deel sinn erëm beim Sandmännchen ukomm – nom Motto 'am Liewen begéint een sech ëmmer zwee mol!'. Natierlech kucken ech de Sandmännchen net fir mech selwer, villméi soll de Nowuess an déi dach grouss a virun allem geféierlech Welt vun de Medien agefouert ginn – dat mat kannergerechtem Material an mam kriteschen Bléck vun den Elteren.
Onofhängeg vun all deenen Iwwerleeunge konnt ech bei mir selwer och eng gewëss Virfreed feststellen. Ech wär fuerwelzeg wéi meng nostalgesch Erënnerung als Kand sech mam Bléck vum Erwuessene géif verdroen. De Schock wär enorm: op schonns ech mech direkt erëm drun erënnere konnt hat ech ganz vergiess dat 'méin' Sandmännchen, déi léiwen an de gudden, déi däitsch Wiedervereinegung guer net iwwerlieft hat, respektiv duerch deen aus de DDR ersat gouf. An do souz ech dann virum sougenannten 'Sanndmännchen-Ost' – mat der Feststellung: hei ass alles anescht!
Den Dag drop gouf dunn doheem via Internet an youtube eng Versioun vu 'mengem' Sanndmännchen' – dee jo vill méi flott ass – gekuckt; fir erauszefanne wéi Zielpublikum vun haut sech géif entscheeden. De Verdikt wor eendeiteg: den Sanndmann-Ost kënnt besser un. A mir wier kloer: ech selwer sinn och nëmmen e Kand vum kale Krich an deem senger Erzéiung respektiv Wäerter. An där Logik wär dunn och méin éischte Gedanken: wien huet en erfonnt? Mir oder si? Richteg erféiert sinn ech wéi ech hu misse feststelle wéi schnell dach sou all Mechanismen erëm aktiv kënne ginn – dës Denkmusteren déi mer als Kanner onreflektéiert an net hannerfrot blannemännerches gegleeft hunn. A wie sech d'Fro stellt firwat ganz Generatiounen anscheinend sou am Materialismus gefaange sinn – fënnt hei, wann och nëmmen eng kleng, dach eng vun den villen Ursaachen: de politeschen Afloss op Mediëlandschaft - an dësem Fall Propaganda aus der Zäit vum kale Krich. Sou wor et keen Zoufall dat 'eisen' Sandmännche besser animéiert also méi professionell produzéiert wor wéi och méi e schéinen a groussen Sportsauto an eng besser Televisioun hat. Dat en oft um Fluchhafen oder ze guer mam Helikopter gelant ass wor méi e Message fir déi aner Säit vum Rideau. Geschichten selwer wären bal eng Niewesaach!
Dofir gitt gutt uecht well Sand kréie mer nach haut all Dag an d'An gestréit – just wéi de Sandmännche gesinn déi Damen am Tailleur an Hären am Kostüm net aus! Si hunn och kee Knäppchen fir se aus ze maachen an aus wat de Sand mécht net nëmmen midd...mä anscheinend och nach blann!