"60 Jahre und kein bisschen weise ..." huet emol eemol en däitsche Schlager geheescht, deen de groussen Acteur Curd Jürgens mat vill Pathos an der Stëmm zum Beschte ginn hat. Déi Zeil ass mer leschte Freideg spontan an de Kapp komm, wéi ech bei engem Zeitungskiosk d'éischt Säit vun där däitscher Dageszeitung gelies hunn, déi kee keeft, awer jidderee kennt. Dir wësst, wéi eng ech mengen. Den däitsch-franséische Politolog Alfred Grosser sot eemol: Ee groussen Ënnerscheed tëscht der däitscher an der franséischer Presse wier och, datt et a Frankräich keng Bild-Zeitung géif ginn an dat wier och gutt esou.

Bon, beim däitschen Noper huet dat dënnt Blat et ëmmerhin op 60 Joer bruecht an dat gouf dann zum Deel zerguttst gefeiert a grad esou kommentéiert. Fir de Gebuertsdag haten se sech bei der Zeitung sécher gär eng Rise-Schlagzeil gewënscht (a bestëmmt war se schonn iergendwou fäerdeg geschriwwen) à la "Wir sind Euro" oder esou! Nee, nee ech schwätzen net vun der aktueller Kris bei der europäescher Währung, mä éischter vun där nach méi aktueller bei der däitscher Fussball-Nationalequipe. Mä ass et iwwerhaapt eng Kris, wann een e Match verléiert? Ok, et war ee wichtegen!

RTL

Trotzdem hunn ech bei deenen Zeilen e Freideg dach mussen de Kapp rëselen: Bild rechnet ab: "Gomez hat nur die Haare schön, Lahm labert wie ein Politiker oder Singt endlich déi Nationalhymne".

Kloer Aussoen zu kloere Verléierer.

Sou muss et wuel sinn - och wann een e puer Deeg virdrun nach geschwäermt huet vun "Uns stoppt keiner mehr!" oder "So wirbelt er Italien weg" asw.

Tjo, sou ginn Helde gemaach an Helde stierwe gelooss. Wann net um Terrain, dann awer um Pabeier.

Ah jo, an da gouf et nach ee Saz: "Vor diesen Spaniern müssen wir uns nicht fürchten!" Dat stëmmt!

Angscht hate wuel just d'Italiener! All déi aner ware jo schonn an der Vakanz.

Gutt, datt dann haut an där selwechter Zeitung steet: "Besiegen die Spanier auch die Eurokrise?"

Jo, sou léist een dann och anscheinend Finanzkrisen!

Mä wéi huet schonn de Curd Jürgens gesongen: 60 Jahre ...