E schlechten Dram....

I had a dream…. Nee looss mech elo net iwwerdreiwen, et wor keng Visioun wéi déi vum Martin Luther King.. et wor ganz banal: ee Cauchemar made in Lëtzebuerg.
Also ech sin d’ viregt Nuecht schweessnass wakreg ginn, ech hat gedreemt, am Éislek, laanscht d’ Sauer, am Raum Méchela léiche 4 Skeletter, ähnlech wéi een dat schonn dacks a bëllege Western-Filmer gesinn huet, allerdéngs an enger richteger Wüst am Arizona wou d’ Schanke vun deene louchen, déi aremséileg an der Wüst erhéngert an erdiischter woren.
An dunn ass de Grosche gefall, ech hu mech erënnert, datt ech jo mat mengen 3 Kollegen virgëscht an d’ Éislek fësche wor, herrlech, ëmmer nees e Genoss. Mir schätzen d’Schéinheet vun eisem Ländchen ëmmer erëm a jidderee seet, déi puer Stonnen hei uewen hunn den Erhuelungswert vun enger klenger Vakanz.
Ma firwat den Dram vun deene 4 verdréchente Schankemännercher? Tjo, nieft dem Genoss vun der Landschaft an der Natur, wore mer och hongereg an duuschtereg ginn an ëm ½ 8 en Dënschdeg den Owend wollte mer eis op de Wee maache vir eppes Iessen ze goen. Vir d’éischt hu mer mol telefonéiert, fir net onnëtz doruechter ze rennen…. 3 mol d’ Äntwert jour de repos. Da komm mir fueren doropper an den Hotel, déi hu jo och eng gutt Restauratioun.
…..10 Minutte gefuer,….. Congé annuell….
Wéi dann, zanter leschtem WE spéitstens huet dach d’ Touristesaison ugefaang?
Mir fueren zeréck, do ënnen ass ee flotte klenge Restaurant, do kréie mer bestëmmt eppes, …..do wor Luucht an e puer Autoe vrun der Dier, et wor 8 Auer, mir eran, de Patron kënnt eis entgéint an der Tenue vum Kach… d’ Kichen ass zou……ëm 8 Auer… mir hu schonn ugefaang selwer ze kachen…bannendran….
Cool bleiwe Männer… mir fanne bestëmmt nach e Chinees, den eis Sue wëll an eis z’Iesse gëtt, ma fir d’ éischt fuere mer de Bierg aus, do ass dee Restaurant, gutt biergerlech, wou mer schonn als Kanner Sonndes mat der Famill hi gepilgert sinn.
10 op 8,………. do si mer schonn an der Dir gutt biergerlech ëmgedréit ginn… d’ Kiche scheinbar guer net op gemaach ginn….
Déi 2 nächst Etappen erspueren ech iech………..
20 fir 9 mir hunn eng Platz fonnt, wou mer weder d’ kal Schëller nach e kale Plat gewise kruten, mir si bäi de Comptoir gaang a sote just nach: “hongereg an duuschtereg” a mir krute ganz positiv geäntwert “ dat ass schéin, da sidd der hei richteg, do kënne mir eppes dergéint maachen”.
Majo , voilà et geet jo et huet just nëmmen 8 Uleef gebraucht. A wat maachen an dem Fall déi arem touristesch Séilen, déi sech an de Granddüschi verlafen a vun Honger an Duuscht geplot ginn?
Ech hat gemengt et wier Kris ? Oder ech hu wéi ëmmer falsch verstan : du wiers frou, wann s de eppes kriss.....