Da soll nach ee soen, d'Europäesch Kommissioun wär fir näischt ze gebrauchen. Dank där hirem onermiddlechen an heldenhaften Asaz am Interêt vum Consommateur kënne mer säit enger gudder Woch och am Ausland elo méi bëlleg telefonéieren a surfen. Vill Leit, déi wéinst den héige Roamingkäschten säit Joren net méi d'Vakanz gefuer waren, kennen endlech rëm eng Rees an d'Ausland buchen. D'europäesch Tourismusindustrie ass gerett. Endlech kann den Duerchschnëttsbierger och an der Vakanz stänneg online sinn, ouni dofir mussen een extra Kredit opzehuelen. Sou kënne Manager, an déi, déi sech op der Plage gären sou fillen, och am Congé dank Blackberry dofir suergen, dass de Betrib net ënnergeet. An eis Studente kënnen och ouni Hëllef vum Staat via Facebook hire Frënn zu all Moment live ënner d'Nues reiwen, wat déi grat op der Côte d'Azure verpassen. Fir vill Leit ass et jo mëttlerweil méi wichteg ze wëssen, op et am Hotel Wifi gëtt, wéi sécherzestellen, dass et iwwerhaapt mol fléissend Waasser gëtt. Well wann et scho kee fléissend Waasser gëtt, da wëll een dat op d'mannst direkt twittere kënnen. Vu lauter Kontakt mat doheem hale vergësst munchereen, dass et ronderëm eng friem Kultur ze entdecke gëtt. Vläicht misst dofir eng eegen App entwëckelt ginn : „Meet the Locals“ oder sou. An engem ale Geschichtsbuch - deene méi Jonke sief gesot, ee Buch, dat ass eppes wéi een iPad ouni Batterien - hunn ech mat groussem Erstaune gelies, dass quasi dat ganzt viregt Jordausend d'Mënschheet et fäerdeg bruecht huet och ouni Handy Vakanz ze maachen. Déi Zäit huet een natierlech och net ëmmer missen erreechbar, an nach manner eregbar sinn. Well Opreegung gehéiert jo haut zum gudden Toun. „The Adventure of a Lifetime“, drënner geet et net. „Exciting“ muss et sinn, Action brauch et, hei mam Iesel op de Bierg, do mam Bunjee-Seel an den Dall. Ech kenne Leit, déi hunn an der Vakanz därmoossen ee Programm, dass se duerno Vakanz brauche fir sech ze erhuelen. Dank der Europäescher Kommissioun hiren neie bëllege Roaming-Tarifer wäerte mer dat dann demnächst och live, en détail et en couleur op Facebook suivéiere kennen. Ech fir mäin Deel surfen an der Vakanz léiwer traditionell : wäit ewech vun all Telefon, op engem Briet iwwer d'Wellen.