Eigentlech nervt et mech, wa bei all klengem a groussem Probleemchen direkt e Schëllege fonnt ass. Wann et net leeft, wéi et soll; wann een ze midd ass; wann ee granzeg ass oder keng Loscht huet; wann een einfach net motivéiert ass, permanent anzwousch e klenge Bobo spiert an déi aner och nach umotzt. Dat alles ass wuel mënschlech an esou Momenter huet och jiddereen (a Moossen) ze gutt. Awer wann se méi heefeg ginn, da sicht een als Entschëllegung direkt Ursaachen. An dee beschte Sënnebock ass ëmmer an ëmmer erëm: d'Wieder! Dat ka sech jo net wieren an et passt meeschtens an de Krom, wann et heescht, e Schëllegen ze fannen.

Dann ass d'Wieder ze waarm, ze kal, ze dréchen, ze fiicht, ze lëfteg, ze roueg, ze dréif, ze kloer oder wat och ëmmer! Et muss a ka fir alles duerhalen: schlecht Leeschtungen am Sport, schlecht Stëmmung op der Aarbecht, schlecht Laun doheem. Aggressivitéit, Flemm, Roserei an esou weider.

Kuerz a gutt: Mech nervt, wa fir alles d'Wieder muss duerhalen! Ech fanne jo, datt et net ka sinn, datt mir gutt oder schlecht drop sinn, wann d'Wieder gutt oder schlecht drop ass.

An awer ass och meng Gedold mat deem Wieder sou lues um Enn!

Wat ass dat da bis ewell fir e Summer?

Ëmmer nees Reen, Schaueren, Blëtz an Donner, gro Wolleken an heiansdo dertëschent och alt Sonn.

Sonn, déi mer fir eis gutt Lëtzebuerger Laun sou néideg bräichte wéi Spannung an Euphorie am Tour de France.

Bon, op schëlleg Giro-Schëllere solle mer net schloen, mä am Géigendeel d'Daumen drécken an de Fränk de Bierg erop jäizen an ufeieren, wa scho seng Co-Equipieren net op e waarden. Wisou och ëmmer!

Mä no der Sonn solle mer och net schloen. Vläicht kréie mer vum Wieder einfach och just d'Quittung, well mer et jo soss fir all Ursaach huelen, wa mer grad eng brauchen!

Egal wéi, ech wënschen eis all dach nach e schéine, waarme Summer an dem Fränk eng gutt Leeschtung.

Bis am Hierscht - oder ass dee schonn do?