Vläicht kënnt der Iech nach drun erënneren: de Sonndeg an den 70er- an 80er-Joeren zu Lëtzebuerg. Ausser d'Kanner wollt keen opstoen, virun allem déi Jugendlech net. Well hire Sonndeg huet nawell gäre mat engem Flichtprogramm ugefaang: d'Houmass. Fir am Nomëtten, no engem fräiwëlleg gezwongene Mëttegiessen an der Famill – wann ee Chance hat doheem –, beim 'Hei Elei Kuck Elei' den Erwuessenen nozekucken, wéi se der Rei no apennen – et hat ee jo nach keng Ahnung, wéi vill Wäi bei Dësch sou en ausgewuessene Mënsch wierklech géif verdroen. Sou hat een am spéiden Nomëtten theoretesch bëssen Zäit fir sech - praktesch huet et oft geheescht, kuck mol léiwer iwwert deng Schoulsaache vun der nächster Woch. Virun d'Dier hätt e kinnte goen – awer sonndes wor dat net gutt gesinn – soss denken déi aner nach, d'Kanner géifen op der Gaass erzunn. A wat déi aner denken, gehéiert fréier wéi haut wierklech zur Identitéit vum Lëtzebuerger.

30 Joer méi spéit ass d'Houmass kee wierklecht Thema méi – et gouf jo laang genuch gestridden, fir datt zukünfteg Generatiounen och wierklech an de Genoss vun hire konstitutionelle Fräiheeten kommen. Den 'Hei Elei' gëtt et och net méi – dofir d'Mëttegiessen nach – e Gléck. A virun d'Dier däerf een neierdéngs och: Allerdéngs ass et nach ëmmer net chic, vun der Strooss oder der Gaass ze schwätzen – neen, dat nennt sech haut 'verkafsoppene Sonndeg' – neierdéngs och eemol am Mount an der Stad Lëtzebuerg. A wien eppes op sech hält, dee léisst sech do weisen – och wann en net dofir ass - well wat denke soss déi aner.

Sou gesinn ass och de Sonndeg méi deier ginn: Huet d'Houmass just e puer Su am Afferstack kascht, sou schléit den 'Sonndes-Shopping' net nëmmen an der Portemonni, mä geet och nach gären un d'Nerven. An éierlech gesot denken ech, datt Akafen nach manner bréngt wéi de Versuch, eng ausserweltlech Muecht ëm hire Rot ze bieden. Sou bleift de Mënsch dat, wat e schonns laang ass: eefällteg a liicht ze manipuléieren.
 
Wien awer elo sonndes effektiv muss akafe goen, well en tatsächlech ënnert der Woch net kann – dee mécht Kommissioune wéi ganz fréier: an zwar emol am Mount an dat mol testweis bis Oktober. An deem Fall géif ech virschloen, sech déi Datumer gutt ze mierken an och net ouni Akafsziedel aus dem Haus ze goen.
 
Sollt Dir also den nächste Sonnden näischt ze dinn hunn – d'Stad ass op. Well bis mer eis Fräizäit mat Kultur verbréngen, déi dës Bezeechnung och verdéngt, schéngt et dann awer nach e wäite, wann och séchere, Wee ze sinn.