Mir sinn eis jo alleguer eenz dass et méi flott ass fir glécklech ze sinn, wéi onglécklech. Wéi een zu deene Glécksgefiller do kënnt, dat wëssen déi akademesch Glécksfuerscher (jo déi gëtt et wierklech!) an duerch den Doktor Eckhart von Hirschhausen, dee Mann deen et fäerdeg bréngt nach Reschter vun Humor brilliant ze verwäerten, wëssen et och déi Leit déi normalerweis just d'Bild-Zeitung liesen... Mol ganz am Eescht... Gléck ass eppes wäertvolles, den eigentleche But vum Liewen an de Liewenssënn. "Happiness is the way"... huet och schon den Dalai Lama gepriedegt, et liest een et ëmmer nees...Mol ganz ofgesi vun enger gewalteger Amüséier-Industrie, déi mëttlerweil entstanen ass, well "Life-Balance" zielt!

Et ass zwar nach eng relativ nei Saach, déi Saach mam Gléck, an et ass genee esou e Quatsch wéi all dat, wat déi Generatioune virdru fir Liewenswäert fonnt hunn, déi déi direkt nom Krich op d'Ruine gekuckt hunn an et fir sënnvoll fonnt hunn, sech eppes opzebauen, dass d'Kanner e bessert Liewen hunn... Déi Kanner haten et dunn och besser an hunn sech '68 selwer verwierklecht!

Neierdéngs kënnt et also op d'Gléck un. Dat ass jo scho bal fir Angscht ze kréien... An erëm deelt d'Gesellschaft sech an déi Leit déi glécklech sinn- (wat ech deene souwisou net gleewen) an déi, déi anscheinend ze blöd dofir sinn... Si hunn et net gepackt am "elo an hei" ze liewen, oder erkennen op déi eng oder aner Manéier net, wourop et wierklech ukënnt!

Déi Clever déi eis dat wësse loossen, si mat Sécherheet genee esou onglécklech a glécklech wéi all di aner Leit och. Ma si hunn nun emol d'Wëssen iwwert déi richteg Ernährung, déi richteg Ausbildung, déi richteg Gedanken, de richtege Sport, hir Wunnenge sinn natierlech no Feng Shui ageriicht a gekacht gëtt no de 27 Elementer. Hir Kanner ginn an d'Walldorfschoul, wéinstens awer an d'Montessori-Spillschoul, de Golden-Retriever kuckt iwwerglécklech no, während déi glécklech Meeschteren ewechkucke, wann den Noper säin handicapéiert Kand verstoppt. A wann et emol net esou klappt, dann drénkt een einfach e 24-Vitaminnen Drink, oder mécht Shiatsu, mat Klangmassage selbstverständlech...!

Eng Gesellschaft déi sech Gléck zur Maxime mécht, jo méi nach, dat zum eigentleche Liewenssënn erkläert, ass eng Gesellschaft déi net protestéiert wann se fir domm verkaf gëtt... Déi fort kuckt, wann Onrecht geschitt, déi sech net wiert an net resistéiert, wa korrupt Politiker gemeinsam Saach mat der Héichfinanz maachen, oder Gesetzer agefouert ginn, déi reegelen dass nëmmen nach riicht Kornischongen duerfe verkaf ginn.

Ass eigentlech iergendengem vun deene Glécksritter kloer wéivill Leit Psychopharmaka an sech eraschëppe well se op kee Fall onglécklech wëlle sinn??! Mir schwätzen hei vun ongeféier engem Véierel vun der Populatioun! Do sinn déijéineg déi sech d'Liewe schéisaufe mussen nach guer net mat agerechent...

„Happiness a Positive Thinking“ ass net de Wee an och net de But! Et ass ee vu ville méiglechen Zoustänn. Méi net. De Sënn vum Liewe muss et nämlech fir jidderee ginn: Fir déi Gesond, déi Krank, déi Domm, déi Gescheit, déi Aarm, déi Räich, fir Mann a Fra, fir all Hautfaarwen, fir déi Traureg an déi Verzweifelt, fir déi Neigebueren an déi déi stierwen, an och fir déi "Trallala-Erliichte"-Glécksritter, mat Feng-Shui a Latte Macchiato.

Villaicht wär en éischte Schrëtt an déi richteg Richtung mol, dass een sech selwer- an seng negativ Säiten acceptéiert an zefridden ass mat deem wat een huet.