vu Sandbuergen an Tanktouristen ...

Seng Vakanz huet e schonn hanneru sech, déi nächst ass awer scho geplangt. De Gibbes Bertolo huet sech tëscht zwou Reesen e puer Gedanken iwwer Sandbuergen an Tanktouriste gemaach ...
Eent virop: vun deenen 13 Deeg donidden am déiwe Frankräich waren der 12 mat Sonn a bloem Himmel, just 1 mol huet et gegrommelt, geblëtzt a geschott. Huet jo och misse sinn. Op alle Fall: eng gutt Moyenne. Keng Ursaach, fir ze knouteren.
Oder war et dach awer vläit eng Grimmel ze waarm ? Wee sicht, dee fënnt. Scho wann et lass geet. Am Auto, wou iergend eppes an der Entlüftung tickt a rabbelt. An dann deen Idiot, deen hannendru blénkt, fir z’iwwerhuelen. Oh waart, Männi. Deen heite réckelt nach sou bal net. Wat soen se op „Radio Trafic“? 3 Kilometer „circulation en accordéon“ viru Lyon. „circulation en accordéon“ ... wëll soen: „stop and go“, oder „Zéifloss“ ... „Bretellspianoverkéier“ kéint een dat jo bei eis nennen. Muss dem Kaltés Rol dat mol soen. Et voilà, knapps ënnerwee, schonn denkt een nees un d’Schaff. Allez, e flotten CD an de Player gedréckt, dat bréngt een op aner Gedanken. Djëft, elo hunn ech de „Best Of“ vum Laurent Voulzy doheem trëlle gelooss, dee wär awer elo gutt eragaangen.

Uff, gepackt! Do wiere mer, d'Wallissen aus der Mall, an de Lift, eran an déi gutt Stuff. Naja, wéi ëmmer: vill ze vill agepaakt. 2 laang Boxen – bon, et weess ee jo ni, mä: déi bleiwe wuel a nächster Zäit am Schaf hänken. Grad ewéi och déi 3 Hiemer mat laangen Äerm. Et gesäit ganz esou aus, wéi wann ech vun haut un just nach am T-Shirt wäert doruechter lafen.
Oder ouni. Wat e Genoss, am Sand ze sëtzen, an op d’Mier ze kucken. Also wann do net nach all déi aner Leit wiere, déi dat och maachen. Kënnen déi net eng aner Kéier kommen? Elo fält et mer op: ech gesi bal néierens eng Sandbuerg. Fréier hu mir där dee ganzen Dag laang gebaut. An haut? Sëtzen d’Kids ënnert dem Sonneprabbeli a spille gelangweilt op hire Konsolen a Statiounen. Sandbuerge kann ee jo mëttlerweil och am 3D opriichten.

Allez, séier nach op mengem Smartphone déi 148.713 Mailen checken, an da geet et duer mat deene kritesche Gedanken. „Fir datt Vakanz Vakanz ass“, huet et mol eng Kéier an enger Reklamm geheescht. Ass guer net sou einfach, do brauch een e puer Deeg, fir lasszeloossen an ze genéissen. Eréischt wann den Tank eidel ass, kann en nees gefëllt ginn. Elo weess ech och, wat mat „Tanktourismus“ gemengt ass ... An 1 Mount geet et schonn nees lass !
