Vakanzegedanken

Dëse Summer hat et mech an déi franséisch Haaptstad gezunn. An ech hunn dovu profitéiert, fir déi grouss Touristenattraktiounen no laanger Zäit emol erëm eng kéier ze kucken. Dobäi ass mir eppes opgefall.
De Summer ass d’Saison vun de Vakanzfotographen. Et ass eng Spezies, déi sech däitlech vun där vun den Hobbyfotographen ënnerscheed. Well déi kennen hir Apparaten, wësse genee wéi si hir Motive cadréiere mussen, a musse meeschtens och net honnert mol op den Ausléiser drécken, bis déi gewënschte Foto an der Këscht ass. Awer d'Vakanzfotographen huelen hir verstëbsten Apparaten nëmmen ee mol d’Joer aus dem Schaf, a versichen dann an enger Woch alles nozehuelen, wat si de Rescht vum Joer verpasst hunn. Dobäi entwéckelt sech e Kampf tëscht Mënsch a Maschinn, deen op der „place publique“ ausgedroe gëtt, matten am Gewulls. Wat Beliichtungszäit a Filmempfindlechkeet ass, wëssen d’Vakanzfotographen nämlech net. An d’Gebrauchsanweisung ass scho laang recycléiert an huet wahrscheinlech schonn en neit Liewen als Zeitung oder Héichglanzprospekt.

Ech stoung virun e puer Wochen um éischte Stack am „Louvre“, virun der legendärer Mona Lisa, der „Joconde“. Mäi Motiv war awer e ganz anert. Ech hunn d’Leit geknipst, déi d’Mona Lisa geknipst hunn. An do hat ech déi ganz Bandbreet vu Vakanzfotographe virun der Lëns, déi et gëtt. Ugefaange mat der Spezies vun den notoresche Blëtzdäiwelen, bei deenen de Blëtz automatesch bei all Foto mat ugeet. Ech wollt si drop hiweisen, dass si jo eigentlech misste gesinn, dass d’Mona Lisa hannert déckem Glas hänkt, an dass Glas reflektéiert, mä d’Blëtzdäiwele waren an esou enger frappanter Iwwerzuel, dass deen Exercice ze vill Zäit kascht hätt.

Ausserdeem kann ech kee chinesesch. Asiate waren der nämlech och vill do. Si gehéiere meeschtens zur Spezies Autofotographikus. Hinne geet eng Foto vum Motiv net duer. Si mussen och vun allem en Exemplaire hunn, wou si selwer nieft dem Objet stinn. Déi witzegst Geselle sinn déi, déi alleng ënnerwee sinn. Well déi versichen ëmmer, sech selwer ze knipsen. An dat geet mat engem klassesche Fotoapparat meeschtens an d’Box. D’Versioun 2.0 vum Autofotographikus ass dee mam Tablet, also mam iPad. Deen huet jo praktescherweis eng Kamera vir drop wou och den Ecran ass, d.h. et gesäit ee sech selwer, wann ee sech knipst. Dovun ofgesinn, dass ech haart jäize kéint, wann ee sech mat engem Tablet selwer knipst a säi groussen Ecran duerch d’Luucht jongléiert, misst och emol een där Spezies bäibréngen, dass d’Kamera vir drop just mat VGA-Qualitéit Biller schéisst, an dass déi Biller herno miserabel ausgeliicht sinn, zemools wann een an engem Raum mat dezenter Beliichtung ass. An Déift hunn déi Fotoen herno souwisou net. Kuckt eng kéier d’Gréisst vun der Lëns.

Ech huelen d’Vakanzfotographen allerdings all a Schutz géingt d’Vakanzefilmer. Dat sinn nämlech déi, déi um Ufank vun der Vakanz de „Record“-Knäppchen op hirer handlech Minikamera drécken, an de leschten Dag eréischt den „Off“-Knäppche fannen. Si wandere mat ugewénkeltem Aarm duerch d’Géigend, an d’Kamera bewegen si synchron mat hirem Kapp hin an hier. Alles gëtt opgezeechent, ob et d’Mona Lisa ass, d’Trape fir an de Metro, de Réck vun engem aneren Tourist, de Buedem oder d’Kamera-Posch vu bannen. Och do war ech bei verschiddene Kandidaten um Punkt, hinnen op d’Schëller ze klappen, an si ze froe wien déi 100 Stonne Film dann herno doheem iwwerhaapt nach soll kucken? Oder ob si wëlles hätten, ee Joer Zäit z’investéieren, fir de Film herno op verdaulech Vakanzefilmlängt ze kierzen.
Ech hunn et awer si gelooss. Mam Usaz vun engem Grinsen um Gesiicht hunn ech mech ëmgedréint an d’“Joconde“ nach emol vu ganz no gekuckt. A wéi wa si mat mir averstane wier, huet si mir en subtilt Schmunzelen zeréckgeschéckt.
