De Rettungsplang fir d'Rentrée

Mam Summerlach war et net wäit hier dëst Joer. Normalerweis ass dat jo déi Zäit am Summer, wou keng leeft, an ee wierklech näischt verpasst, wann ee mam Kapp am Sand um Stauséi läit.
An dëst Joer? Eng Hiobsbotschaft un där nächster: De Finanzminister fäert griichesch Zoustänn, d'Rente sti virun der Mauer, eis Fluchgesellschaften hu Bläi an de Flilleken, d'Wunnenge sinn ze deier, de Chômage ze héich, den Euro geet d'Baach an, an da stierft och nach eiser nächster Chefin hir Mamm.
Während d'Regierung nach zu Senneng op der Terrass zesummesouz, huet deen hei ee 6-Punkte-Plang entwéckelt, pénktlech fir d'Rentrée, wéi mer eis Problemer geléist kréien.
Éischtens: d'Renten. Déi gi lo einfach mol op een Drëttel gekierzt. Domadder ass d'Rentemauer keen Thema méi. D'Pensioun geet dann zwar net méi duer, fir zu Lëtzebuerg ze liewen, mä an der Drëtter Welt, zum Beispill a Griichenland, kënnt een domatter lacker iwwer d'Ronnen.
Dofir, zweetens: Lëtzebuerg keeft e puer griichesch Inselen. D'Geld dofir gi mer an de Katar sichen, am Tosch géint d'Spuerkeess, déi hu mer jo nach. De Staatsbudget gëtt also net impaktéiert, an de Griichen hëlleft d'Geld fir eis den Euro ze retten.
Drëttens: Jiddereen iwwer 60 gëtt d'office op eis nei Insele geplënnert, an zwar mat der Cargolux, dann huet déi och rëm genuch ze dinn.
Véiertens: Wann all eis Pensionären a Griichenland sëtzen, stinn hei am Land op ee Schlag dausende Wunnengen eidel, deenen hir Präisser ginn dann erof, an dee Problem hätte mer also och geléist.
Fir de Famillen awer lo ze erlaben, sech net aus den Aen ze verléieren, gëtt, fënneftens, fënnef mol den Dag ee Fluch vu Lëtzebuerg a Griichenland organiséiert, ee gutt Geschäft fir d'Luxair, där wär domadder och gehollef.
Da bleift lo nach just, sechstens, de Chômage, an do hëlleft eis d'Geschicht. Am 19. Jorhonnert war d'Lag jo scho mol net sou ganz roseg, an all déi, déi deemools keng Plaz beim Staat haten, sinn einfach mol an Amerika ausgewandert. Well et do grad och net sou ganz ronn leeft recommandéieren ech momentan ... de Katar. Op der Adem kann een dann zukünfteg direkt Flich op Doha buchen. Do hu se nämlech net nëmme gutt Wieder, ee grousse Fussballstadion, an eng traditionell Solidaritéit mat eisem Land, mä ëmmer nach kräftege Wirtschaftswuesstem, an domadder een enorme Besoin u main d'oeuvre, besonnesch wann se sou super ausgebilt ass wéi d'lëtzebuerger Jugend.
Bref: Lo musse just nach d'Griiche matspillen, an d'Land ass gerett!