Rimini, Kreta, San Francisco, Bali oder „nëmmen” de Schwarzwald? De Gibbes Bertolo freet net, wou Der waart, mä ob Der dann och un déi léif Famill an Frënn doheem geduecht hutt ...

Mir hunn der dëst Joer genee 6 verschéckt. Eng fir d’Boma, zwou fir d’Tattaen, an de Rescht fir deem Klenge seng Frëndinnen. Fréier, wou ech nach mat mengen Elteren an d’Vakanz gefuer sinn, waren et der méi. Do krute souguer eis Nopere matgedeelt, datt d’Wieder gutt, de Kascht tipptopp an d’Stëmmung net besser kéint sinn.

Wat war dat sengerzäit e Gedeessems: doheem hu scho missen d’Adresse gesammelt an notéiert ginn (ëm Gottes Wëllen nëmme kee vergiessen) an da gouf sech op d’Sich no engem éierbare Souvenirsbuttek mat deene schéinste Kaarte gemaach. Heiansdo gouf och nach gekuckt, ob se beim Nopeschbuttek net nach e puer Su manner géinge kaschten – dat war awer nëmmen en Detail. Méi Wärt gouf op den Objet selwer geluecht: huet dat Bild dann och eenegermoossen d’Vakanzendestinatioun erëmginn? War genuch Mier a Sand drop ze gesinn, konnt een op där enger oder anerer souguer vläicht nach eisen Hotel erblécksen?

RTL

Ech hat am léifsten déi mat engem Sonnenënnergang, oder déi, wou eng flott Moss hire knapp Bikini gewisen huet – wa se dann een un hat. Déi Kaart war awer ni fir d’Bom oder d’Tatta, mä éischter fir d’Kollegen, déi mir och ëmmer esou e Stëmmungsbild zoukomme gelooss hunn. Och wann dat relativ wéineg mat där Plaz ze dinn hat, wou d’Vakanz verbruecht gouf. An dann, dat Allerwichtegst: Timbere kafe goen. Heiansdo konnt een déi och am Buttek froen, oder an deem niewendrun, dacks huet een awer missen an d’Post trëppelen, wann ee se da mol bis fonnt hat. Nächst Erausfuerderung: Wat schreiwe mer wiem? A wéini? A wou geheie mer d’Kaarten dann herno an? Musse mer nees bis zeréck bei d’Post wänzelen oder kann ee se och an der Receptioun vum Hotel ofginn?

Jo, et war schonn eng gréisser Affär, déi ganz Organisatioun vum Postkaarteschreiwen a –verschécken. An dacks war ee scho virum „schéine Bjuer“ nees an der Heemecht bei senge Leit. Trotzdem: déi kleng Aventure wëll ech einfach net mëssen. Och wann et der mëttlerweil just nach eng hallef Dose sinn: et ass ëmmer nach eng charmant a perséinlech Manéier, fir deenen, déi mat der Heibleifskäerche fueren, eng kleng Freed ze maachen. Och am Zäitalter vu Smartphone a sozialen Netzwierker bleift déi klassesch Postkaart (dat hunn aktuell Ëmfroen erginn) d’Nummer 1 a Saache Vakanzegréiss.

Kommt, mir suergen dofir, datt dat esou bleift. An deem Sënn: All Guddes a bis geschwënn ...