Vum Lokalem am Globalen

Wiem déi gréng Fläsch aus dem Sauerdall ze spruddeleg wor, huet nawell gären op déi aner gréng Fläsch aus dem italieneschen Brembodall zréckgegraff. Manner spruddeleg wär et och eng ganz Zäit Waasser vun de bessere Leit: méi exklusiv a chic, sou wéi dat sech an deene Kreesser gehéiert. Dat wär fréier! Haut ass dëst Waasser immens populär, dofir awer nach laang net iwwerall gär gesinn – sou wéi deen een oder aneren Politiker, déi do dernieft och als eis eidel Fläschen oft nach spruddelen. Kënnt haut dës Daags sou eng Fläsch Waasser op den Dësch, da gehéiert et schonns bal zum gudden Toun déi eng oder Bemierkung a Saachen ökologescht Bewosstsinn an Nohaltegkeet ze maachen. Ganz am Sënn vum Motto: 'global denken a lokal handelen' schéngt sou e Waasser well laang net méi 'politically correct' ze sinn. Laang Rieden wat en ënnert lokalen Distanzen ze verstoen huet oder och nach eventuell kulinaresch Argumenter kann ee sech also direkt spueren. Deem kann e wuel schlecht entgéint goen – ass et dach dat Bescht fir eis zukünfteg Generatiounen, also eise Kanner a Kandskanner.
Souvill zur Theorie! An der Praxis gesäit dat oft anescht aus. Wann den italieneschen Haartkéis bis iwwert d'Pasta aus 'Bella Italia' geriwwe gëtt, kënnt kee méi op d'Iddi ze bemierken e lokaalt Kéisprodukt an eng Nuddel vun hei géif et dach och maachen! Ähnleches bei Wäin a Fleesch – Südamerika um Teller an d'Sonn am Glas - a schonns ass global gesinn awer kee Wee ze laang! D'Spëtzt vum Äisbierg sinn déi biologesch gebauten interkontinental Friichten – bei deenen Biogewëssen CO2-Bilanz glat vergiessen deet.
Sou stellt sech d'Fro: firwat kritt een dann souzesoen nëmme beim Spruddel Boule gemaach?
Moraleschen Instanzen wei Kierch kann en hei net froen! Et ass allgemeng bekannt, datt si keng Kaschtverächter sinn – Spruddelwaasser dréit jo net fir näischt den Numm vun engem Bëschof.
Bleiwen nach eis Leader! Komm mir kucken mol eiser Regierung op den Teller, well wie weess schonns besser, wéi Si wat richteg a falsch ass. An nodeems déi Saach mam Cremant gekläert ass, kann et bis bei Leitungswaasser jo net méi wäit sinn. Et sief dann d'Analyse géif dat mol erëm eng Kéier net erlaben! Ob an deem Fall wéi eng Alternativ an deem Fall méi nohalteg ass: 10 Minutten ofkachen oder Fläsche kafen – dat bleift nach ze klären.