Et ass sécher net besonnesch innovativ oder aussergewéinlech, wann ech haut dervu schwätzen, datt de Mënsch an der Natur dacks Réconfort, Rou an Entspanung fënnt an souguer zu sech selwer.  Grouss Denker hu sech an der Vergaangenheet doriwwer och schonn hir Gedanke gemaach. Ee vun dësen Denker ass viru genee 300 Joer op d'Welt komm: de franséische Schrëftsteller a Philosoph Jean-Jacques Rousseau. Hien huet a sengen Theorien a Wierker behaapt de Mënsch wier vun Natur aus gutt a géing eréischt duerch seng Roll an der Gesellschaft dat Béist fannen a weisen.

Sou wäit wollt ech meng Ausféierungen net dreiwen, mä just eng kleng Anekdot aus de leschte Wochen erzielen, en Erliefnes bei deem ech am richtege Sënn vum Wuert gespuert hunn, wéi séier een sech an der Natur verléiere kann. Sech a seng kleng Boboen- déi reell an déi, déi ee sech heiansdo ariet.

RTL

Et war e Spadséiergank op engem fréien awer sonnege Sonndegmueren duerch e klénge Park mat engem Gefill, dat mer d'Häerz zougedréckt huet a mech knapps nach oteme gedoen huet. An am Kapp engem Duerchernee vun Traueregkeet a Suergen, deen engem quasi keng sënnlech Opmierksamkeet méi erlaabt huet fir dat wat ronderëm lass war. An dach- an der Rou vum Ament an an déiwe Gedanken- hunn ech op eemol nieft mer am Bam e Geräisch héieren. Virwëtzeg sinn ech dunn no enger Zäit stoe bliwwen an op eemol hunn ech et erbléckst: e klengt, wibbelegt Kaweechelchen, dat, wéi e Blëtz iwwer d'Äscht a vu Bam zu Bam geflitzt ass. Et war esou wéineg erféiert a gestéiert vu mir, datt et eng richteg Akrobate-Show ofgezunn huet. Aus deem Spillche gouf quasi e Rallye duerch de Bësch- sou laang an esou wäit, bis ech et op eemol aus den Ae verluer hat.

Eréischt wéi en Jogger viru mer op eemol einfach stoe bliwwen ass a sech net méi beweegt huet- war dat klengt Kaweechelchen nees do- mattsen um Wee mat enger décker Fruucht tëscht de Patten un där et genaschelt a sech glat net vun eis stéiere gelooss huet.

Op mengem Heemwee hunn ech gemierkt, wéi vill manner bedréckt ech mech nach gefillt hunn, a wéi vill ech mech begeeschtere gelooss hunn.

Dat klengt Stéck Natur hat dat grousst Stéck Leed e gudde Krack reduzéiert. Op d'mannst fir ee Sonndeg laang. Mee d'Kaweechelchen ass jo nach net am Wanterschlof.