Sandweiler

Et gi vill verschidde Manéiere fir sech ze ameséieren. Déi eng hunn all fräi Minutt op der Fouer verbruecht, anerer fuere reegelméisseg an d'Disneyland.
De Gérard Floener geet säi perséinleche Kick all Joer am September op eng aner Plaz sichen...
Ech gehéieren och zu deene Leit, déi hire leschten Auto während engem Autofestival kaf hunn. An dofir hunn ech och déi grouss Chance, fir all Joer am September fir déi technesch Kontroll op Sandweiler invitéiert ze ginn. Eng Invitatioun déi ech gär acceptéieren, an esou wor ech dee leschte Méindeg, pénktlech um 11 Auer fir mäi Rendezvous 10 Minutte méi spéit zu Sandweiler.
Wéi am Disneyland hunn ech mech an d'Rei gestallt a gewaart bis et u mengem Tour wor, fir endlech bäi ze kommen. Am Disneyland kritt een an der File wéinstens op Panneaue regelméisseg gesot: Vun hei un dauert et nach 2 Stonnen, bis dir bäikommt. Déi hunn esouguer eng App dofir!
Zu Sandweiler fënnt een näischt esou. Do waart een eben an et kuckt een d'Zäit ëm ze kréien. Well ech ee Rendezvous hat, wor ech schonn no 2 Stonnen a 40 Minutten derduerch.
Ei, mam Wee dohin an nees zeréck woren dat 3 Stonnen, déi ech mol eng Kéier gutt Zäit fir mech hat. Wéi dacks ass dat schonn de Fall!
Zäit fir ee Podcast ze lauschteren. Dee sech natierlech, ech wor jo an eng technesch Kontroll, mat Technik beschäftegt, a gär pro Episod 2 Stonnen a méi laang dauert.
Donieft hunn ech mol eng Kéier gutt Zäit gehat, fir meng Gedanken déi mir dee Moment duerch de Kapp gaange sinn op Twitter ze posten. An nei Leit kennen ze léieren, déi am selwechte Boot soutzen.
Wann ech iergendwou hifléien, a meng Fluchgesellschaft huet esou vill Retard, kréien ech mat e bëssche Chance wéinstens ee Becher Waasser offréiert. Zu Sandweiler muss ech mir mäi Gedrénks selwer siche goen, an och nach bezuelen. An nawell dee vollen Entréespräiss bezuelen! Trotz Retard, well ee Remboursement wéinst Retard gëtt et nëmmen owes no 5! Logesch, soss géif d'Kontrollstatioun wahrscheinlech faillite goen!
Elo hunn ech nach Chance, datt ech ee Patron hunn dee seet: Dann huel ee Mikro mat a maach ee Reportage draus, an esou acceptéiert, wann ech während menger Aarbechtszäit op Sandweiler fueren.
Wann ech bedenken datt nach méi Leit mat Rendezvous 3 Stonnen do sinn, anerer ouni Rendezvous esouguer moies um 7 schonn do woren, an eréischt um 2 erauskomm sinn, also no 7 Stonnen, fält et mir schwéier nach un déi Kris ze gleewen, iwwert déi permanent geschwat gëtt.
Ëmmerhinn kann eis Economie sech et nach erlaben, hir „Ressources humaines“ während engem hallwen oder esouguer ganze Schaffdag ze entbieren, fir déi Zäit op der Kontrollstatioun ze verbréngen! Den Dagobert Duck wousst schonn: Zäit ass Geld, mä fir mam Auto op Sandweiler ze fueren, maache mir eng Ausnahm.
Dajée alt, d'nächst Joer maachen ech dee ganzen Zinglabumm nach eng Kéier mat. Ëmmerhinn kréien ech jo eppes fir meng Sue gebueden. Et ass zanter dem éischte September méi deier ginn, dofir dauert et nach méi laang! Wat een op der Fouer net ëmmer vun de Spiller behaapte kann.
An ech mengen, d'nächst Joer huelen ech ee Grill mat. Da maachen ech mat deenen anere Leit a menger Spuer ee grousst Kontrollstatioun Grillfest! Rendezvous den nächste September, zu Sandweiler an der Pist 2!