Kuckt een déi international Aktualitéit aus de leschte Wochen da muss een openeits feststellen: et brauch näischt Neies ze geschéien – et geet nach ëmmer duer déi all a bekannt Handlungsmuster nei ze inszenéieren. An dësem Fall e schlecht gemaachte Film aus den USA an e puer Karikaturen aus Frankräich - mam Ziel déi moslemesch Welt ze provozéiere wat och direkt funktionéiert huet. Zënter hir ass d'Welt vun den News erëm gefëllt mat méi oder manner iwwerflächleche Bemierkungen zum Thema: wéi Tolerant soll en eigentlech mat der Intoleranz ëmgoen? Aus der Perspektiv vun der westlecher Welt – also eiser – gëtt ëmmer erëm gäre behaapt dat dëst bësse Meenungsfräiheet wuel kaum duergeet fir eng Weltrelioun ze beleidegen. Dobäi geet kaum bis ni dovu geschwat dat eis arabesch Frënn am Fong vill domadder ze dinn hunn dat mir iwwerhaapt sou schwätze kënnen. Et ass den Orient deen eng intellektueller Entwécklung vum Abendland (Occident) iwwerhaapt erréischt erméiglecht huet: also dat wëssenschaftlech a logesch Argumenter de reliéisen Discours lues awer sécher ofgeléist hunn. Kuerz: de Präis u mënschlechem Blutt wär enorm awer zum Schluss wär se ronn an dréint nach haut ronderëm d'Sonn an dat an engem Rechtsstat vu Mënsche fir Mënschen. D'Iddie vun den griicheschen Dichter an Denker – déi mer ëmmer erëm gär als Begrënner vun eise moderne Fräiheeten an demokratesche Strukture gesinn – iwwerliewen net am réimesche Räich an och net am fréie Chrëschtentum mä an der arabescher a byzantinescher Welt. Fir bal dausend Joer wor hei Zivilisatioun bei wäitem méi héich entwéckelt wéi an eisen Géigenden. Barbaren – dat wäre mir! Sou sinn et arabesch Denker déi am 12 Jorhonnert Philosophe wéi en Aristoteles erëm via Spuenien an Europa re-importéieren. Vun do aus wär et zwar nach e laange Wee bis bei déi franséisch Revolutioun awer si wär iergendwéi net méi opzehalen.

Deemno wier et haut un eis der arabescher Welt eng Hand ze rechen an dohinner ze halen – fir si op hirem Wee vun enger eegener kultureller an intellektueller Emanzipatioun ze ënnerstëtzen. Al déi aner Discoursen – wei déi Beitrag aus den USA an Frankräich - ënnersträiche just dat mir eis eegen konstitutionell Rechter eescht huelen. Dobäi stellt sech d'Fro op et gescheit ass sou kulturimperalistesch Provokatiounen duerch sou nobel Rechter ze legitiméieren? Well Meenungsfräiheet ass keen decke Panzer an deem en alles blären däerf méi wuel éischter e Glashaus wat éischters zu Broch geet wat méi haart gebläert gëtt. Sou e Versteesdemech setzt natierlech eng Portioun gesonde Mënscheverstand a Bildung viraus - ëm déi et jo bekanntlech och net sou gutt bestallt ass.