Quantitéit oder Qualitéit?

„Léiwer Qualitéit wéi Quantitéit“- dee Saz taucht ëmmer a gär an Diskussiounen op an eigentlech ass en ëmmer direkt vu jidderengem acceptéiert, well wie seet scho fräiwëlleg, en hätt gär eppes Mannerwäerteges? Datt déi zwee Wierder och nach d'selwecht ufänken - also eng Alliteratioun bilden - mécht se nach méi attraktiv, fir an e Gespréich geheit ze ginn.
Och e Sonndeg war et nees Thema bei enger Table-Ronde iwwer d'Lëtzebuerger Theaterszeen. Do ware se sech all um Dësch - deen awer guer net ronn war - eens: Natierlech well jidderee Qualitéit, natierlech wëll jiddereen nëmmen dat Bescht op der Bühn: den Auteur, den Acteur, de Regisseur, de Kritiker an de Ministère. Dat ass um Enn schonn emol eng gutt Basis, fir sech ze begéinen a mateneen un engem Strang ze zéien.
Gutt esou - mä dann dat anert Wuert: d'Quantitéit! Wëll da wierklech kee Quantitéit? Naja, sou richteg huet keen dat gär gesot, well ëmmerhin heescht manner Quantitéit: ofbauen, zesummeleeën, zeréckstellen, eliminéieren. A wie streckt da schonn de Fanger aus, wann et heescht: „Lo stieche mer méi Energie an déi do Produktioun an dofir muss du deng Produktioun si loossen.“
Poufdech! Dann ass d'Diskussioun séier gefouert! Ech wëll awer elo net dat alles just op d'Diskussioun am Theater bezéien, well an anere Beräicher ass et net anescht.
An da bleift jo och nach déi aner Säit vun der Medaille. Wéi ass et da beim Publikum? Do geet de Sprach dann net méi op: Léiwer Qualitéit wéi Quantitéit! Sécher, et wënscht ee sech als Kreativen e gudden Zuschauer, e waakregen, en aktiven, e kriteschen, e begeeschterten! Een oder deen aneren!
Dat geet awer net duer, fir d'Theaterstéck ze bezuelen an et vläicht nach ze verlängeren. Jo beim Publikum spillt dee Begrëff Quantitéit dann awer eng Roll. Ouni Publikum keen Theater!
An do si mer da bei der eigentlecher Diskussioun ukomm: Wéi kréie mer Publikum an de Sall?
Musse mer e siche goen, musse mer en anescht kontaktéieren? A wéi?
Oder geet et ëm dat wat mer ëm ubidden! A wat ass dat: Qualitéit!
Et ass schonn en Däiwelskrees mat deem Thema.