Public Private Police Partnership

Wie Realsatire op héchstem Niveau sicht, kennt net laanscht den alldeegleche Policebulletin. Zwee "Faits Divers" vun deene leschte Wochen hu mer et besonnesch ugedoen.
Do war fir d'éischt déi Geschicht mat der Course Poursuite iwwer 3 Autobunnen, un där hirem Enn eis Police leider een dommt Gesit an ee schlechten Androck gemaach huet, well, sou steet et am Rapport, „och wa si d'Grenz op der Diddelenger Autobunn zougemaach hat, esou ass de gesichten Auto einfach iwwert de Parking op der Grenz geflücht“.
An da gouf et déi aner Geschicht, méi rezent, vun den „zweilichtigen Typen“, wéi d'Wort geschriwwen huet, déi sech op eis Grenz gestallt, Douanier gespillt hunn, an den Autofuerer Wueren ugebueden hunn. Eppes wat ee soss eigentlech just op der Schwäizer Grenz gesäit, wou d'Douaniere bekanntlech eng ganz Epicerie mat Vignette, Knätsch a Kamellen ëmgeschnallt hunn. An ech duecht mer, schued, dass déi zweilichtig Typen net grad op der Diddelenger Grenz hirem Geschäft nogaange sinn, wéi deen aner do op der Flucht war, d'Chance ass gutt, dass se deen och nach ugehal hätten, fir ëm een Teppech unzedréinen.
An Zäiten, wou d'Staatskeess eidel ass, ass dat Beispill vläit eng gutt Geleeënheet, fir iwwer Public Private Partnerships an deem Beräich nozedenken. Firwat sollte mer net eis eidel Douaneshaisercher effektiv mol u fluchend Händler verlounen, an deenen d'Recht zougestoen, och alt mol een Auto unzehalen, fir ëm dee Moment awer eppes Nëtzleches ze verkafen, zum Beispill een Ethylometer, wann et an d'Frankräich geet.
Wéi een héiert, gëtt et och oft Problemer mat Leit, déi sech net ausweise wëllen. An Zäiten, wou regelméisseg falsch Polizisten ënnerwee sinn, ass et allerdéngs duerchaus ze verstoen, wann een net direkt jidderengem seng Pobeiere weist, just well deen eng Uniform unhuet. Eng Zesummenaarbecht mat Täschendéif, déi deene Verdächtegen d'Pobeieren da präventiv einfach mol klauen, kéint hei eng Léisung sinn.
D'Verkéierskontrollen de Weekend kéint een un d'Hells Angels outsourcen. Op een sech traue géif, deene fortzefueren, woen ech nämlech ze bezweiwelen. A wann awer, da rennt en eben dem Teppechhändler op der Grenz an d'Gräpp!