Wéi een héiert, wëllen d’Babyboomer an d'68er nächste Mount op d’Strooss, oder vill méi bei d'Heeschefra, fir géint déi onerdréiglech Rentereform ze manifestéieren. Ech waarden all Dag op d’Annonce vun enger Géigemanifestatioun vun hire Kanner, ënnert dem Motto: Mir wëllen net bezuelen.

Manifestatioune si witzeg. Ech fannen dat ëmmer sou léif ze kucken, wa se mat hire Kapen, Troteren a Fändelcher do marschéieren, wéi op der Schlussprëssessioun, an um Schluss vun der Prëssessioun lauschteren se dann all andächteg der Priedegt no, wou hir Chefe mat Clichéë geheien, dass et eng Freed ass, an den Ënnergang vun der Zivilisatioun ukënnegen. Duerno geet da jidderee brav een drénken.

Dass et och anescht geet, konnt een dëser Deeg an den Noriichte gesinn. Et kann een iwwer d’Leit a Libyen, Pakistan an Indonesien soen, wat ee wëll, mä iwwerzeegend manifestéieren, dat kënnen se. An nee, bei wäitem net ëmmer an net all, just eng agitéiert Minoritéit, ech war net dobäi, ech hunn d'Exzesser just op der Tëlee gesinn. An ech duecht mer, lo stell mol ee sech vir, an e puer Woche géifen sech e puer vun eise Manifestanten genee sou eräiferen. Da géif de Ministère gestiermt an a Brand gestach, héich Beamten zesummegeknëppelt, Fändele verbrannt, Steng géife fléien, Autoen op den Dag gehäit, wa méiglech eise Studio besat, an de Mob géif verlangen, dass de Minister sech entschëllegt, fir déi schrecklech Beleidegung, déi säi Reformprojet duerstellt.

Auslännesch Politiker géife sech zu Wuert mellen an dem Minister noleeën, säi Projet zreckzezéien, an d’Leit net weider mat rationellen Argumenter ze provozéieren. D'Press géif opgeruff ginn, keng Extraite vum Text ze publizéieren. Kommentatore géifen eis erklären, dass ee misst Verständnis hunn fir d'Pensionären, an op de Risk vun engem Flächebrand hiweisen, während d’Manifestanten dobaussen ënnerstraiche géifen, dass si fir de friddlechen Dialog sinn, a wien eppes anescht behaapte géif, dee wéilt nëmme weider Ueleg an d'Feier geheien.

Sou gesinn ass et méi gemittlech an engem Eck vun der Welt ze liewen, wou Manifestéiere generell een éischter rouege Sport ass. Wann dann och nach just ëmmer déi Leit géife matmaachen, déi genee verstanen hunn, wourëms et eigentlech geet, da wären déi meescht Manifestatiounen iwwerall op der Welt bestëmmt ... richteg langweileg.