Handgepäck am XL-Format

Et gëtt jo well genuch Studien, déi weisen, dass net nëmmen d'Amerikaner, mä och d'Europäer, a grad d'Lëtzebuerger, ëmmer méi fett, pardon, mockleg ginn. Wien e bëssen oppasst, stellt fest: Alles soss ronderëm eis och.
Vläicht ass et, fir sech un eis ëmmer méi wurschteg Fangeren unzepassen, souguer deen neien iPhone ass méi grouss wéi de Modell virdrun. Mat de Computer ass et d'selwecht. An den Achtzeger hate mer eng kleng Këscht um Pult stoen, een aktuellen iMac, fir bei Apple ze bleiwen, huet d'Format vun enger grousser Tëlee, an eis Tëleeë wäre virun e puer Joer nach als Kinosschierm duerchgaang.
Wie vill mam Fliger ënnerwee ass, stellt fest: D'Gepäck gëtt och ëmmer méi grouss. Vläicht läit dat drun, dass ëmmer méi breede Leit hir ëmmer méi grouss Kleeder ëmmer méi Stoff an domadder ëmmer méi Plaz brauchen. Vläicht ass et awer och einfach, well een net wëll, dass d'Valiss méi kleng ass wéi d'Jempy Vuittons Posch, vun deenen ech den Androck hunn, dass se och ëmmer méi grouss ginn, fir dass een ëmmer méi grousse Logo ka matgeschleeft ginn.
Eng Etude, déi ech lo grad erfonnt hunn, huet erginn, dass 20 Prozent vun de Retarden an der Fligerei Leit geschëllegt sinn, déi all déi aner Passagéier mat ophalen, wann se alt erëm vill ze laang brauchen, fir hiert Handgepäck ze verstauen, well dat net an d'Handgepäckscompartimenter passt. Oder well se keng Plaz fannen, fir nieft hirer Täsch, hirem Rucksack an hirer Posch och nach hiert Notebook iergendwou iwwert de Sëtzer ënner ze bréngen.
D'Luxair huet jo well ëmmer ee Weenche virum Fliger stoen, wou ee säin Handgepäck muss ofginn, wann et sou grouss ass, dass et net zur Kabinnsdier erapasst. Dat ass meeschtens genee déi Zort Handgepäck, dat sou grouss a schwéier ass, dass et mat der Hand net méi ze packen ass, an dofir gerullt muss ginn. Et gesäit ee jo ëmmer méi där iwwerdimensionéierter Portmonnien op Rieder, déi vun hire stolze, mä leider bësse schwaache Proprietairen hannendru geschleeft ginn.
Dofir, nei Regel: Wann d'Handgepäck ze grouss oder ze schwéier ass, fir gedroen ze ginn, an dofir Rieder brauch, gehéiert et net an ee Fliger, mä an de Plënnerwon.