Moies, viru 7, denkt een nach net onbedéngt drun. Mä spéitstens géint eng Auer 11 fänken d’Commanden un, op Héichtouren ze lafen. De Gibbes Bertolo iwwert ee klenge Grappvoll Räis, deen ëm nach net zum Hals eraushänkt. Nach net ...

Sushi ! Schonn alleng den Numm léisst mer d’Sojazooss am Mond zesummelafen. Oder klëmmt mer ieren de Wasabi an d’Nues ? Et muss esou Ugangs den 90eger gewiescht sinn, wéi ech déi éischte Kéier op réie Fësch gebass hunn. Zanter deem deemools nach scheie Kontakt a menger rezenter „classix mix“ Online-Commande wäert ech mëttlerweil e puer Dausend där Stécker verdaut hunn. Déi lescht Dosen iwwregens nach leschte Sonndeg.

Jo, ech oute mech heimatter als grousse Sushi-Konsument. Neen, ech kafen an iessen ëss nach laang net iwwerall oder egal wou. Obwuel een ëss bal iwwerall an egal wou kritt. All klenge, wann iwwerhaapt asiatesch-ugehauchte Restaurant proposéiert ewell säi Sushi-Assortissement op der Menüskaart, all Supermarché huet ëss am Killrayon leien. Datt déi omnipräsent Offer d’Iwwerliewe vum rouden Thon an akut Gefor bréngt, ass dramatesch genuch, ech wëll déi Problematik op dëser Plaz awer net verdéiwen. Obwuel: e gewëssen Deel Schold muss och ech an deem Kontext wuel op mech huelen, wat heimatter gemaach wier.

Sushi ass jo awer méi, ewéi nëmmen Thon a soss Gefëschs op enger Räiskniddel. Ech sinn ëmmer nees erstaunt, wat sech a leschter Zäit sou alles a Räis awéckelen an drop tässele léisst. Vu Kéis, iwwer Avocado, Mango bis Poulet a souguer Foie Gras - där berühmter Phantasie an der Freed um Experimentéiere si keng Grenze gesat. De Kalorien an dem Präis an deem Fall iwwregens och net. Dogéint ass am Prinzip och näischt ze soen, mir schneiden eis jo souwisou all Traditioun op Mooss.

Apropos Traditioun: d'Sushimania huet e laange Wee hanneru sech. Entstane ronderëm de südostasiatesche Floss Mekong, wou d’Leit sengerzäit mat Hëllef vu gekachtem Räis de Fësch konservéiert hunn, bis bei dee klenge Mausklick, deen doriwwer decidéiert, ob ee sech seng „family box“ dann elo mat séisser oder salzeger Zooss heem an d’Stuff liwwere léisst. An datt a Japan de Sushi meeschtens ëmmer nach mat der Hand giess gëtt, hënnert eis op kee Fall drun, et trotzdem mat de Bengelen ze probéieren, och wann all 3. Maufel riskéiert an d’Sojadëppchen ze trëllen – Haaptsaach: et gesäit iergendwéi dach gekonnt an elegant aus.

Ech hu mer virgeholl, an nächster Zäit mol manner Räis mat Saumon ze knätschen. Mä spéitstens de Mëtten, wann nees een duerch de Büro rifft: „Bestellt ee Sushi mat?“ iwwerleeën ech mer d'Saach nach emol ...

RTL
RTL