Wéi erfollegräich eng Gesellschaft ass, gëtt oft um Brutto-Inlands-Produkt gemooss, virun allem Regierunge gesinn am PIB nawell gären eng Aart Zensur fir hir Aarbecht. En anere Moossstaf, fir ze kucken, ob eng Gesellschaft hiren Idealer gerecht gëtt, besteet doranner ze kucken, wéi se mat hire Minoritéiten ëmgeet. An deem Kontext wor d'lescht Woch en interessante Kongress hei zu Lëtzebuerg. Thema: Geschlechts- an Sexualitéitsnormen. An enger Welt, déi offiziell nach ëmmer exklusiv binär, also agedeelt a männlech a weiblech, fonctionnéiert – an dat och heiheem –, stoung d'Froestellung, wéi en Effekt dës Norm op Kanner a Jugendlecher, huet am Mëttelpunkt.

Sou Kategorien sinn och wichteg – allerdéngs soll een net vergiessen, datt Normen d'Wierklechkeet beschtefalls beschreiwen, awer nimools selwer duerstellen.

Eng vun deene Norme seet, datt spéitstens no 5 Deeg all Gebuert gemellt muss sinn an domatter nieft engem Numm och nach e Geschlecht festgehale gëtt. Mam Resultat, datt all demographesch Statistik offiziell just Männer a Frae kennt. Wat hei einfach kléngt, ass et awer nach laang net ëmmer. Ëmmer erëm komme Kanner op d'Welt, déi bei der Gebuert net eendeiteg engem Geschlecht kënnen zougeuerdnet ginn, sougenannt intersexuell Mënschen. Genau sou wéi déi homo-, bi- an transsexuell wéi och transgender Persounen hu si et an eiser Gesellschaft net einfach – jiddefalls net, fir sech sou ze weisen, wéi dës Leit sech selwer gesinn respektiv spieren. Alles, wat anescht ass – also net der Norm entsprécht –, ass beschtefalls aussergewéinlech, awer seelen an engem positive Sënn. Sou ënnerscheeden demographesch Statistike bis haut nëmmen tëscht Männer a Fraen – eng vun de leschten Héichbuerge vum "tiers exclu". Wien net do dra passt, gëtt nach ëmmer all ze oft mat der Etikett 'krank' stigmatiséiert – entweder pathologesch oder psychologesch – woumatter da fir déi meescht d'Saach vum Dësch ass a wéi et der betraffener Minoritéit dobäi ergeet, geet meeschtens ënner.

Sou gesinn, kann esou e Kongress nëmmen e Schrëtt an déi richteg Richtung sinn – an zwar an déi vum Dialog a vum géigesäitege Versteesdemech verbonne mam néidegem Fangerspëtzegefill. Well nëmme sou kann och e Land wéi Lëtzebuerg senger gesellschaftlecher Wierklechkeet - vum gläichgeschlechtlechem Bestietnes mat oder ouni Kanner bis hin zur Fro nom geschlechtleche Selbstbestëmmungsrecht - mat deem multikulturellen an oppene Geescht begéinen, op dee mer soss sou houfreg sinn.

www.gender-spaces.uni.lu