E Samschdeg Spuenien, Portugal, Polen - gëschter Frankräich an ëmmer erëm Griichenland. D'Mënsche ginn op d'Strooss: net fir méi ze kréien, mä fir manner ewechgeholl ze kréien. Kloer - d'Zäiten hunn zënter 2008 geännert. Näischt ass méi wéi virdrun!

Dee Sprach ass nom 11. September 2001 méi wéi eemol gebraucht ginn: vu Politiker, vu Betraffenen, vun de Medien, vun der Allgemengheet.

Ass 2008 - wou d'Finanz- a Bankekris sou richteg ausgebrach ass - entretemps och esou en ominéisen Datum? Jo, och do sinn Tierm zesummegefall. Héich Tierm, déi ëmmer gewuess sinn a wou kee sech méi drëm gekëmmert huet, ob d'Gerüst ënnen dat nach kéint droen. Haut wësse mer: Nee, d'Gerüst konnt dat net méi droen. An elo muss dann ebe gekuckt ginn, datt dat Fundament oder déi Grondmaueren nei gestäerkt ginn.

An do muss jidderee matupaken! Déi an den ieweschte Stäck, fir ze retten, wat nach ze retten ass, an ënnen am stéckege Keller déi, déi richteg ze spiere kréien, datt dat Gebai op hire Schëlleren an op hire Muskelen dréckt a läit.

Eng ongläich Situatioun: an dat ass et och, wat d'Demonstranten iwwerall ukloen. Datt gespuert muss ginn, ka jo wuel nach jidderee novollzéien - datt awer déi uewen net mat deenen ënnen doriwwer schwätzen a kommunikéieren, dat kënnt schlecht un.

Mä wéi soll en Haus halen, wann et keng Verbindung tëscht béide gëtt? Wann et keng Trap gëtt, fir sech entgéint ze kommen, wa keng Kellerdier respektiv keng Späicherliicht opgeet, fir frësche Wand eranzekréien.

D'Mënsche brauche Richtlinnen a Consignen, si brauchen Erklärungen an Explicatiounen a si hunn se och ze gutt! Ob se dermat d'accord sinn, ass déi eng Saach!

Ob se se verstinn, déi aner!

Eng kloer Sprooch schwätzen, ass deen aneren Defi.

Mä dat ass och en aneren Apropos dann!

Audio: Apropos vum Christiane Kremer