De Fränz an de Wollef

Haut, 4. Oktober, ass de Weltdag vum Déiereschutz. Dësen Datum gouf 1929 festgeluecht als Undenken un den Hellege Franziskus vun Assisi, deem säin Namensdag jo haut gefeiert gëtt.
De Fränz vun Assisi war ee gudde Mann, e war frou mat den Déieren. Et ginn der, déi behaapten, hie wier sengerzäit, am fréien 13. Joerhonnert, deen éischten Déiereschützer iwwerhaapt gewiescht. Tatsaach ass, datt de Poopst Jean-Pol den 2. en 1980 zum Patréiner vun der Ökologie a vum Ëmweltschutz ernannt huet an datt de Fränz vun Assisi och nach de Schutzpatréiner vun den Déierendokteren ass.
Ech sinn op alle Fall beim „googelen“ op d’Legende vum „Wollef vu Gubbio“ gestouss. Eng Erzielung, déi ee wuel net fir boer Mënz dierf huelen, déi een awer trotzdem net kal soll loossen. Mech huet se op alle Fall beréiert.

Viru laanger Zäit wor eise Fränz an der Stad Gubbio, a senger Heemecht Umbrien, op Besuch. D’Awunner hunn ëm do vun engem groussen a béise Wollef verzielt, deen an de Bëscher ronderëm d’Stad gelieft a souguer Mënsch attackéiert huet. D’Leit haten Angscht an hu sech net méi aus hirer Stad getraut. De Fränz vun Assisi huet du proposéiert, mat Gottes Hëllef natierlech, an dee Bësch ze goen a mam Wollef ze schwätzen. Dee koum och dunn, d’Maul grouss opgerappt, aus ëm Gestrëpp gerannt a wéi en de Fränz erbléckst huet, wor en op eemol ganz entspaant an huet sech virum gudde Mann op de Buedem geluecht. De Fränz sot dunn zum Wollef: „Brudder Wollef: Du hues vill Misär verursaacht, Du bass e Mäerder, am Fong geholl häss De den Dout verdéngt. Mä wann s De mer verspréchs, de Mënschen net méi wéi ze doen, da kënne mer eng Léisung fannen, déi jidderee dierft arrangéieren. Du léiss all anert Liewewiese mat Rou an d’Mënschen aus der Stad wäerten Der bis un Däi Liewensenn ze friesse ginn. Du brauch also ni méi Honger ze leiden.“
Doropshin huet de Wollef seng Patt op dem Fränz seng Hand geluet an ass mat ëm an d’Stad getrëppelt, wou en nach 2 Joer laang, bis zu sengem natierlechen Dout, a Fridden an Harmonie mam Vollek vu Gubbio zesummegelieft huet.
Eng léif Legend, méi och net. Mir ass iwwert dem Liesen agefall, datt am Joer 1893 e gewëssenen Edouard Wolff am Ouljer Bësch dee leschte Wollef op Lëtzebuerger Buedem erschoss huet. An datt am Juli zejoer hei vir an der Belsch zanter iwwer 100 Joer mol erëm e Wollef gesi gouf. Net auszeschléissen, datt a nächster Zäit och nees ee bei eis seng Ronnen dréint. Ob deen dann awer d’Chance huet, engem moderne Fränz vun Assisi iwwert de Wee ze lafen?
