Hierschtgedanken

Den Hierscht ass d'Zäit vun den zeidege Friichten, vun den grellen Hierschtfaarwen an der Natur, vun de killen Nuechten an de leschte sonnegen Deeg. Iergendwou eng Saison fir ze plécken a fir ze genéissen, wat do am Fréijoer an am Summer entstanen ass. An et ass och d'Zäit vun der Wäermt, déi ee sicht an déi ee sech selwer mécht, well d'Hierschtsonn et eleng net méi packt, d'Kierper an d'Haiser an d'Häerzer ze wiermen. Dat bedeit, datt mir Mënsche grad elo méi no zesumme réckele sollen. Wéi och ëmmer mer dat fäerdeg bréngen!
Leider ass den Hierscht jo dacks mam Viruerteel belaascht: alles wier gro a fiicht a kal an traureg, well d'Natur sech sou lues zeréckzitt a quasi hir Blieder an hir Planzen a Blummen a Friichte schlofen an stierwen deet.
Mä grad dat ass d'Erausfuerderung un eis all den Niwwel, dee Moies an heiansdo en Dag laang zéi ass a keng Luucht duerchléisst, ze duerchbriechen.
D'Méiglechkeeten si grouss: ass iech schonn opgefall, datt grad d'Moud am Hierscht verréckte Formen an intensiv Faarwen huet a grad besonnesch d'Liewegkeet an d'Freed erëmspigelt? An datt d'Stëfter waarm a muusseg op der Haut sinn.
Oder datt d'Fester, déi gefeiert ginn, eng extra Ambiance hunn, well d'Mënsche méi Gesellegkeet sichen a waarme Stuffen?
Oder datt de Geroch vun Iessen a Gedrénks besonnesch gewierzt ass an eise Geschmaachssënn verwinnt?
Datt d'Musek anescht kléngt a manner haart an ausgeloossen ass, wéi dee leschte Summerhit aus südleche Regiounen, an datt se e besonnesche Wäert op Harmonie leet.
Schonn eleng domadder kënne mir elo scho virsuerge fir dem trauregen November-Blues entgéintzewierken, deen da wuel iergendwann opdaucht.
Also genéisst den Ament, well den Hierscht ass besser wéi säi groe Ruff!