All Mënsche si gläich an hire Rechter a Fräiheeten – sou den 1. Artikel vun der allgemenger Mënscherechtserklärung. D'Persoun vum Grand-Duc ass onantastbar – sou den 4. Artikel vun eiser aktueller Constitutioun, den Zousaz 'helleg' gouf an der Revisioun vun 1998 gestrach. Domadder ass Tribüne fräi fir déi méi oder manner spatz a béis Zongen déi hei nawell gären d'Argument vum formelle Widdersproch akloen: also Incompatibilitéit vun deenen 2 Artikelen, och a virun allem wéint hirem Grondsatzcharakter.

Wat sech hei einfach unhéiert ass et awer nach laang net ëmmer - och net an dësem Fall. Engersäits ginn et juristesch Ënnerscheeder tëscht internationalen Ofkommen an nationale Gesetzer: sou kann eng Verletzung vun engem Mënscherecht net virun engem lëtzebuergesche Geriicht ageklot ginn, ganz am Géigesaz zur Constitutioun.

Anersäits ginn Apel mat Biren verglach: schwätzt d'UNO vu Mënschen, sou schwätzt eis Constitutioun vun enger Persoun – wat souwuel eng physesch wéi och eng moralesch Persoun oder Institutioun duerstelle kann, also net onbedéngt e Mënsch. A wann der elo mengt et wier jo kloer an evident wat e Mënsch ass dann erënneren ech hei just un Problematik vun der Ofdreiwung: also ob e Foetus iwwerhaapt a wo jo mat wei engem Alter als mënschlecht Wiesen bezeechent ka ginn? Déi amerikanesch Rechtsphilosophie nennt dës Fäll net fir näischt: „the hard cases“. An där ginn et oft bei Verfassungsfroen: sinn déi fundamental Rechter als identesch ze verstoen oder gëtt et och hei eng Hierarchie wat Wäert a Wichtegkeet ubelaangt? Dat dës Froen net einfach ze beäntwere sinn weisen Dossieren déi bei der Cours constitutionnell um Dësch landen. Bei eisen däitschen Nopere wär Opreegung grouss wéi hire Präsident den neien Euro-Rettungsschierm ESM fir d'éischt vun dëser Institutioun iwwerpréifte gelooss huet iert et séin Krop wollt drënner setzen – sou dat den ESM réischt virgëscht hei um Kierchbierg konnt an d'Liewe geruff ginn.

A wann d'Uwendung vu sou fundamentale Rechter schonns fir souvill Interpretatiounen an Diskussioune suergen dann ass et nëmme normal dat eng Ännerung vun sou Texter och fir eng gewëss Polemik suergt. Dat déi nei lëtzebuergesch Constitutioun awer am léifsten „à huis clos“ soll geschriwwe ginn passt kenger demokratescher Regierung wierklech gutt zu Gesiicht, och net eiser.

D'Frënn vum oppenen Debat äntwerten net fir näischt symbolesch mam Thomas Hobbes sengem Leviathan. Op dëse Verglach passt bleift ze klären awer ëmmerhinn ass dës Schrëft schonns am Joer 1651 op Englesch verfaasst ginn, wougéint de Lëtzebuerger nach bis haut seng Mammesprooch net an der Constitutioun stoen huet. Dat wier dach mol e Schratt an eng kulturell Entwécklung déi niewebäi bemierkt och nach Aarbechtsplaze schafft – en Detail dem aner EU-Regierungen och schonns laang erkannt hunn. Awer Verfassungsännerunge verlaangen no Visiounen – a wier et net flott wa mer eis do och mol enger Kéier eppes géifen trauen.