Et soll een ophalen, wann et am schéinsten ass“ heescht et jo am Volleksmond. De Gibbes Bertolo huet awer festgestallt, datt nach laang net all Mënsch sech dëse Sproch zu Häerz hëlt …

Ech wëll jo elo net och nach op deen aarmen Tommy fachen, mä dee gudde Mann kann engem bal net méi Leed doen. Vum grousse Showmaster-Gott zum Bohlen-Assistent ofgestempelt, mat enger onglécklecher Tëschenetappe am ondankbare Virowendprogramm: e penibelen a battere Fall, dee grad sou onnéideg war ewéi dem Schumi säi Formel 1-Comeback oder deen elo da wierklech, vläicht, hoffentlech allerleschte Scorpions-Concert. E Gottschalk, fir bei him ze bleiwen, hätt labber nach e puer mol am Joer déi eng oder aner Spezialemissioun kéinte moderéieren, an där enger oder anerer Talkronn säi Pefferkär bäileeën a fir de Rescht aus ëm sonnege Kalifornien voller Zefriddenheet a mat geloossener Souveränitéit nokucken, wéi all déi motivéiert Entertainer sech doheem drëms klappen, fir d'Plaz um Troun z'iwwerhuelen. Mä dat wollt e jo net. Schued. Mech wonnert et just, datt esou intelligent Leit dat einfach net wëllen agesinn.

Anerersäits ass jo och d'Fro erlaabt: wéini ass et dann am schéinsten? Muss jiddereen dat fir sech selwer erausfannen oder iwwerléist een deenen aneren dës Beuerteelung? Zemools an de Kategorie Sport an Ënnerhalung huet een dacks d'Impressioun, datt de Publikum iwwert den idealen Zäitpunkt decidéiert, resp. mengt, decidéieren ze mussen. Dat ass an eenzelne Fäll och duerchaus novollzéibar, speziell dann, wann d'“Affer“ engem d'Gefill gëtt, et misst een a Saache gesonde Mënscheverstand eng Grimmel nohëllefen. Vun deem Moment u kann ee jo nëmmen nach verléieren, resp. sech verschlechteren oder carrément lächerlech maachen.

Ass et da wierklech esou schwéier fir lasszeloossen an einfach mol e Punkt ze maachen? Et schéngt mer wuel éischter esou ze sinn, datt d'Panik, elo zum alen Eisen ze gehéieren, dat vun der Satisfaktioun mat deem, wat een erreecht huet, an de Schiet stellt. Jo, et reizt, wann et gutt rullt, nach e bëssche méi op de Gaspedall ze drécken, d'Glécksgefiller nach eng Grëtz méi intensiv z'erliewen, de Succès nach e puer Momenter méi laang ze genéissen. Eng gesond Portioun Egoismus huet jidderee vun eis a sech an dat soll jo och esou sinn, et läit an eiser Natur. Wann den Ego-Tripp allerdéngs d'Forme vun enger Zort Sucht unhëlt, da stëmmen d'Proportiounen net méi.

Et sollt ee sech heiansdo mol nees där eegener Brems am Kapp an am Kierper bewosst ginn. A se och benotzen, wann et néideg ass. Net eréischt dann, wann déi aner een dozou opfuerderen. Ob beim „talken“, diskutéieren, schaffen, beim iessen, drénken, fëmmen, beim Sport, am Bett - also: ech kéint nach e bëssche viru fueren, mä et soll e jo ophalen, wann et … Dir wësst schonn ...

RTL