D'Monarchie an d'Boulevardpress

Iwwer déi lescht Woche konnte Sozialneider, Spuerapostelen, Monarchisten, Anarchisten, al Afekoten a jonk Dreemer jo ausgibeg iwwer Sënn an Onsënn vun der Prënzenhochzäit, an ganz generell vun der Monarchie diskutéieren. Eng wichteg sozial Funktioun vun eisem Herrscherhaus gouf an deenen Diskussiounen allerdéngs komplett iwwersinn: d'Ënnerhalung vun eise kranken an ale Matbierger.
Paris Match, Gala, Freizeit Revue, Glücks Revue, Frau mit Herz, Neue Frau, an natierlech das Goldene Blatt sinn zu Lëtzebuerg aus kengem Waardezëmmer a kengem Altersheim ewechzedenken. Wouriwwer sollen d'Leit an de CIPAen sech dann nach ënnerhalen, ausser iwwer hir Boboen an wéi intelligent hir Enkele sinn, wann et näischt méi aus der Märchewelt vun de Royals ze beriichte géif. Iergendwann ass et einfach méi interessant ze wëssen, op d'Kinnegin Silvia sech vum Karl-Gustav scheede léisst, ewéi op eise Luc de Staatsbudget an den Equiliber kritt. A wann een nach just e puer Joer ze liewen huet, dann ass engem d'Rentemauer iergendwann manner wichteg, wéi d'Fro, op d'Kate vun England dann elo schwanger ass oder net.
Grat an Zäiten, wou et mat der Wirtschaft d'Baach ageet, huet eis Monarchie déi moralesch Verpflichtung, dofir ze suergen, dass Millioune Bomercher, net nëmme bei eis, mee quiersch duerch Europa, roueg schlofe kënnen, mat der Gewëssheet, dass net nëmme a Spuenie alles Beschtens ass, beim Letizia a sengem Flëpp, mä och bei eis zu Lëtzebuerg an der groussherzoglecher Famill. Et kann dach net sinn, dass Monaco méi kleng ass wéi mir, an den Abbes mat sengem Charlette nawell méi oft op engem Titelblat sinn, wéi eis Leit ! Sou eng Hochzäit ass ee Seege fir d'Boulevardpresse an hir Lecteuren.
Wou d'Redaktiounen sech soss Woch fir Woch déi absurdste Spekulatiounen aus de Fanger suckele mussen, kréie se déi Kéier d'Story fäerdeg um Plateau, oder villméi um Knuedler, zerwéiert.
An dat Schéint ass: Wann iwwer d'Hochzäit bis alles gesot gouf, dann huet een och rëm genuch Matière fir nei Geschichten ze erfannen. Wéi vill Woche wäert et daueren, bis mer eist neit Stephanie Nationale op enger Titelsäit wäerten erëmgesi mat enger vun dësen 2 Froen: "Ist sie schwanger?" Oder: "Arme Stefanie – denkt sie bereits an Scheidung?"
Déi selwecht Froe kéint ee sech natierlech och iwwer Personnagen an enger Soapopera stellen. Mee hei ass et anescht: Dat hei si keng Schauspiller. Hei gëtt et kee Script. Dat hei ass dat richtegt Liewen ...