Ech wëll net an Zweiwel stellen, dass eisen Ierfgroussherzog seng lo net méi belsch Fra alleng mam Häerz erausgewielt huet, firwat soss wären se sou schrecklech verléift, mä et ass dach awer interessant, dass hir Unioun sech an eng laang Geschicht vun enger Frëndschaft tëscht eisen 2 Länner aschreift. Déi Geschicht geet zréck op eng Zäit, wou mer allebéid nach hollännesch Kolonië waren, well ouni d'Belsch Revolutioun géif et wuel och Lëtzebuerg an der heiteger Form net ginn. A wat huet eis säitdeem net alles verbonn, Lëtzebuerger am Kongo, de belsche Frang mat eisem Jang, d'Sidmar, d'Dexia, d'Fortis, d'KBL, souguer d'CLT … déi Zäite sinn ëm. Just de Jean La Gaufe kennt nach regelméisseg. Et ass een interessanten Zoufall, dass d'Mondialiséierung sengerzäit de Wee bis an eist Herrscherhaus fonnt huet, ëmmerhin ass eis Grand-Duchesse aus der Karibik gebierteg. Stell mol ee sech fir eise Prënz elo hätt eng Prinzessin aus dem Qatar bestued! Dass d'Hochzäit vun dësem Weekend rëm un déi al Belsch-Lëtzebuergesch Frëndschaft uknäppt, ass dofir vläicht een Zeeche vum Zaitgeescht, sou wéi de Beki an d'Zréckbesënnen op dat Regionaalt. Souguer den Entertainment fir de Pöbel deen net op den offiziellen Dinner geluede war, war ganz an deem Sënn, mat engem Concert vu Belschen, an engem vu Lëtzebuerger Museker. Woubäi de Choix vun de Museker bewisen huet, dass sech op al Frëndschafte besënnen net heesche muss, an der Zäit zeréckzegoen. Op et lo allerdéngs méi representativ fir Lëtzebuerg an déi nach net soulaang naturaliséiert Lëtzebuerger ass Funky P spillen ze loossen, wéi de Fausti, den Dieter D oder den Albert Nerini sief mol dohinner gestallt. Mee dann hätte mer och direkt kennen, fir de belsche Part, eng Frittebud um Knuedler opstellen, an d'Muttergottes an der Kathedral duerch de Meneke Pis ersetzen. Net auszedenken ! Souwäit muss een et dann awer net dreiwe mat der Frëndschaft. Mir wëlle bleiwe wat mer sinn, a beloossen et da mol bei der Prinzessin, dem Appartement op der Côte, de Léierinne vu Virton, an de flammänneschen Iwwersetzungen op de Liewesmëttel. An deem Sënn : häerzlech wëllkomm an der Famill !