Vun der Aarmut an Aarmséilegem

Haut ass den internationalen Dag géint d'Aarmut. Wéi schonns 1992, wou d'UNO dësen Dag an d'Liewen geruff huet, gehéiert Lëtzebuerg och nach haut net wierklech zu den aarme Länner – jiddefalls net finanziell gesinn. An awer ass dësen Dag, wou no deenen Alleraarmste soll gekuckt ginn, och eng Geleeënheet ze froen, wéi mir dann heiheem mam Problem vun der Aarmut ëmginn.
Zuele schwätze fir sech: Och wa mir heiheem wäit ewech vun den Alleräermste stinn, sou sinn d'Zuelen dach alarmant. De Panorama social vun der Chambre des Salariés huet schonns am Mäerz gemellt, datt de Risiko, fir ënnert d'Aarmutsgrenz ze rutschen, heiheem ëmmerhinn op 14,5 Prozent geklommen ass a fir eng monoparental Famill zeguer liicht iwwert 46% Prozent läit – op Lëtzebuergesch heescht dat: Bal all zweet Famill mat nëmmen engem Elterendeel leeft Gefor, aarm ze ginn.
Och de Staat ass net an deenen Dicher, déi en sech wënscht. Hei feelen dem Zentralstaat 1,3 Milliarden, fir am Equiliber ze sinn, an dee gedenkt d'nächst Joer, 4 an eng hallef Milliard Euro léinen ze goen, fir den Budgetsdefizit ze finanzéieren. Deemno kann ech och heiheem schonns vun aremséilegen Zoustänn schwätzen.
Während d'Regierung sech gefreet huet, datt d'Vollek nëmmen Ae fir d'Prënzenhochzäit hätt an sou nëmme keen e Bléck op den Budgetsentworf 2013 géif werfen, kucken déi eege Reien, spréch Fraktiounen, der Regierung abemol iwwert d'Schëller a stëfte gratis hiren eegene Parteikollegen e roude Bic mam Tipp: "geet net gëtt et net".
Well der Politik beim Spueren awer näischt méi wëll afalen, gëtt d'Regierung, d'Mandat denken ze kënnen, kuerzfristeg zréck an d'Hänn vum Bierger – vläicht fält deene jo eppes an, wou en de roude Bic kinnt usetzen. A während de Radio sech ubitt, dës Spuervirschléi alias "edel" Iddien telefonesch ze sammelen, huet d'Stad Lëtzebuerg stolz bekannt ginn, 144.000 Euro ze spueren, andeems d'Musek beim Freedefeier guer net spillt. Fir datt de Rescht vum Fest awer net sou eidel gëtt wéi déi meescht vun den "edelen" Iddien kascht dat de Mann an d'Fra aus der Stad ëmmer nach 320.000 Euro.
Iwwregens eng Zomm, mat deenen 6.400 Kanner am Moment am Südsudan intensiv medizinesch behandelt a 6 Wochen erniert kinnte ginn. Dofir ginn et "edel" Iddien wéi déi vum internationalen Dag géint Aarmut och net muttwëlleg.