Léiwen Aarbechtskolleg

Et begéint een se all Dag, et verbréngt ee bal méi Zäit mat hinne wéi mam Partner doheem. Et erlieft ee se a relaxen an a stressege Momenter. Et tauscht ee sech mat hinnen aus, et diskutéiert een zesummen, et streit een och alt zesummen, et laacht een zesummen an, wann et muss sinn, kräischt een och zesummen. Mat deenen enge kann ee besser, wéi mat deenen aneren.
Riets geet vun den Aarbechtkollegen. Dacks, ganz dacks ass ee sech awer net bewosst, wéi vill se engem bedeiten, well ee se jo all Dag gesäit, well et sou normal ass, datt een all Dag mat hinne schwätzt an eben och schafft.
Eréischt wann se op eemol net méi do sinn, realiséiert een, wéi eng wichteg Roll se fir ee gespillt hunn, an der Zesummenaarbecht an och heiansdo an de Confidencen, wann deen een oder aneren emol schlecht drop war a sech net gutt gefillt huet. Da vermësst een déi, déi den Job gewiesselt hunn oder an d'Pensioun gaange sinn an et wënscht een all Gutts a vläicht „gi mer jo eemol e Patt drénken“.
Mee richteg wéi deet et, wann een engem Aarbechtskolleg muss fir ëmmer Äddi soen!
Lescht Woch hu mir e Komerod verluer - de Marc oder Litty, mat deem déi meescht vun eis iwwer laang Joeren zesummegeschafft hunn a mat deem mer nach gär weidergeschafft hätten; mä leider huet seng Gesondheet net matgespillt - hien huet mussen säin Job, deen en esou gär an esou gutt gemaach huet, opginn. Dat war och fir d'Aarbechtskollegen e schwéieren Ament an elo ass d'Trauer ëm hie grouss.
An an Erënnerung kommen engem dann och nach aner Kollegen, déi vill ze fréi a matten aus dem Aarbechtsalldag gerappt goufen. Ob Manette, Tom oder Marc - vergiess gi se ni. Hannerlooss hu se net nëmmen hir Aarbecht, mä och hir deeglech Präsenz, hir Perséinlechkeet, hir Kompetenz.
Sou ass et bei eis an esou ass et wuel och op villen aneren Aarbechtsplazen.
Mataarbechter, Kolleg, Komerod, vläicht Frënd - d'Mënschen, mat deenen een zesummeschafft, gehéieren zu eisem Liewen.
Vläicht e gudden Ament, haut emol e puer Wuert an e bëssi Zäit méi ze hunn fir deen, deen um Büro vis-à-vis sëtzt.