Et ass eppes, wat kee gär mécht. Well ee sech net ganz dichteg dobäi fillt. An dach kënnt et bei anere besser un, wéi ee mengt, huet de Gibbes Bertolo erausfonnt ...

Dëslescht, ech weess mol net méi ganz genee wéini an a wéi engem Kontext, huet een zu mer gesot: „Ups, sorry – dat war mäi Feeler, dat dote geet op meng Kap!“ U sech näischt Aussergewéinleches, näischt, iwwert dat een nach stonnelaang nodenkt. An awer hunn ech mer kuerz drop d'Fro gestallt: wéini ass mir dee Saz fir d'leschte Kéier iwwer d'Lëpse komm?

Mir si jo iergendwéi alleguer kleng oder och grouss Perfektionisten. Esou si mer erzu ginn. Keng oder esou mann ewéi méiglech Feeler ze maachen. A wie keng Feeler mécht, hält sech quasi fir perfekt. A perfekt ass nun mol keen. Also ech kennen op alle Fall keen.

Et geet mer jo och net drëms, fir d'Erlabe resp. d'Evitéiere vu Feeler an de Mëttelpunkt ze stellen. Do sinn aner Leit méi kompetent. Mech interesséiert éischter, wat duerno passéiert. Wéi ee mat sengem Feeler, mat senger Gaffe, mat sengem Blackout, mat senger Schold ëmgeet. A vrun allem, firwat ee sech ëmmer nach esou schwéier deet, et zouzeginn. Ass et, op der Schaff, d'Angscht, am schlëmmste Fall seng Plaz ze verléieren? Oder als Chef säi Gesiicht? Vis-à-vis vum Partner de Respekt a bei de Frënn Glafwierdegkeet ? An der Rei, et ginn ëmmer Situatiounen a Fäll, wou d'Faass iwwerleeft a wou beim beschte Wëllen och deem toleranste Mënsch de Kolli platzt. Mä meeschtens, an do misste mer eis jo eens sinn, kënnt esou ee klenge „mea culpa“ bei eis all positiv eriwwer. En hëlt ville Kritiker de Wand aus de Segelen a weist, datt all Mënsch sech mol ire kann, och a vrun allem mir eis selwer.

Am Fong geholl ass „Feeler“ en anert Wuert fir „Erfahrung“. Aus de Feeler léiert ee jo bekanntlech an hoffentlech. Awer nëmmen dann, wann ee se och selwer erkennt an agesäit. Well wat een net kann zouginn, kann een och net änneren.

Feelt also just nach déi aner Säit vun der Medaille: akzeptéieren, datt een e Feeler gemaach an en zouginn huet. Gréisst beweisen, wann deen aneren et och mécht. Dat géing d'Saach ëm villes vereinfachen.

Mir schaffen drun ...