Virdrun ass duerno

Virdrun ass duerno, sou e Sprooch aus dem Fussball, deene meeschten vläicht besser bekannt an der däitscher "Vorher ist nachher"-Versioun. An nodeems virdrun sech jiddereen op de Glamour gefreet huet – an duerno Kleeder, d'Wieder an d'Fest gelonge war, gëllt et elo och nach emol op déi Froen zréckzekommen, déi virdrun opgeworf goufen, iert se duerno all ze schnell vergiess ginn. Eng dovun betrëfft d'Lokalitéiten, op déi bei sou Geleeënheeten zréck gegraff gëtt, an dësem Fall de Plenum vun der Chamber.
Domadder ass elo net d'Monarchie viséiert, et ass jo net fir d'éischt, datt d'Chamber als Iesszëmmer ëmgebaut gëtt. Egal ob blot oder rout Blutt – de Plenarsall vun der Chamber ze raumen, fir e Fest ze feieren, steet kengem demokratesche Land wierklech gutt zu Gesicht. Am Zeitungscommentaire heescht et da provokativ vum "Dortoir zum Réfectoire" an hannerléisst ee batteren Nogeschmaach. Datt souwisou keng Chamberssëtzung während enger Woch virgesinn wor, heescht awer nach laang net, datt och Méiglechkeet dovunner vu fir eran auszeschléisse wier – fir net vum naturalistesche Feelschloss ze schwätzen.
Bei de Chamberswahlen iwwerdréit jidderee vun eis – also déi ageschriwwe Wieler - säi politesche Wëllen op d'Deputéiert, woumatter d'Chamber net nëmmen zum legislative Pouvoirm, mä och zum symboleschen Ausdrock vum Wielerwëlle gëtt, souzesoen zur Agora vun der repräsentativer Demokratie. Also déi zentral Plaz, wou sech an der Antikitéit déi fräi Bierger versammelt hunn, fir hire politeschen a juristeschen Affairen no ze goen, an déi sou hir Identitéit fundamental matbestëmmt huet. Net fir näischt setzt den Homer - wuelgemierkt dee vun der Odyssee an net dee vun de Simpsons - d'Feele vun enger Agora gläich mat enger Recht- a Gesetzlosegkeet, egal wéi kuerz oder laang dësen Zoustand unhält. Wann also déi antik Polis ouni Agora kee Staat méi ass, muss d'Fro däerfe gestallt ginn, wat eng modern repräsentativ Demokratie – och oder grad als constitutionnell Monarchie - ouni parlamentaresche Plenum dee Moment dann nach ass. Eng Fro, där d'Politik misst nogoen, iert virdrun erëm duerno ass.
Net datt de 'meeting point' nach zum 'melting pot' gëtt.