An der Zäit huet konnt een et net erwaarden, datt de Bréifdréier engem eppes an d'Boîte gepucht huet. Et konnt een net séier genuch kucke goen, de Virwëtz war einfach ze grouss. Haut huet d'Mailbox awer sou munches vun hirem Charme an hirer Attraktivitéit agebéisst, mengt de Gibbes Bertolo

Ech sinn am Moment net z'ereechen, ech sinn „out of office“, wéi et jo zanter enger Parti Joeren heescht. Bei mir ass dat effektiv d'nächst Woch de Fall. D'Allerhellgevakanz huet deen heite Congé. Mä, ech weess et elo schonn: Allerspéitstens e Méindeg den Owend gëtt de Laptop opgeklappt an da gi mer mol, einfach esou, kucken, wat et dann Neits um Büro gëtt. Vläit huet ee mer eppes gemailt, wat wierklech wichteg ass, wat net waarde kann. Et weess ee jo ni. Ech hunn zwar der ganzer Welt déi kleng Notiz hannerlooss, datt ech bis de 5. November net op der Schaff sinn a ginn och dovunner aus, datt déi ganz Welt dat zur Kenntnis hëlt a mer déi puer Deeg Ofschalten och gënnt. Mä wéi gesot: et kéint jo mol sinn, datt eng Saach därmoossen dréngend ass an einfach net eng ganz Woch laang ka waarden.

Jo, ech reesen och alt emol Samschdes a Sonndes a mäin digitale Büro. A weess elo schonn, datt ech d'nächst Woch netto 7-8 Stonnen domadder verbréngen, Mailen opzemaachen, ze liesen, z'iwwerfléien, ze verréckelen, ze beäntweren, weiderzeleeden, ze deleten. 1-2 mol den Dag, op d'mannst. Esou gesinn, geet ongeféier 1 ganze Congésdag bei der Däiwel.

Selwer Schold. Ganz einfach. Alles huet sengerzäit mat deem … looss mer soen: wuel prakteschen an awer fatale Wifi ugefaangen. Doheem ass et jo scho bal evident, an der Vakanz am Hotelszëmmer och quasi eng Selbstverständlechkeet. A wat geschitt, wann een mol e puer fräi Minutten huet: Allez, e klenge Bléck an d'Bréifkëscht deet jo net wéi. Dat ass jo net geschafft, just eng Kéier geluust an da séier nees zou. Wann et nëmme bei deem enge Bléck géing bleiwen …

Wat ass d'Alternativ? Staark sinn, net drun denken, waarden, bis de Congé ofgelaf ass an da Méindes moies eng grouss Virwëtztut oprappen. Huet dach eppes, oder?

Bestëmmt denkt der, grad ewéi ech, an dëse Sekonnen un dem Tim Bendzko säin Hit vun zejoert „Nur noch kuerz die Welt retten“. Den Typ, dee mengt, datt de Planéit ouni hien net virun dréint. Abee, ech hu mer virgeholl, d'nächst Woch déi Welt vum selwen dréinen ze loossen a mech einfach mol aus villem erauszehalen. Net aus allem, wuelverstanen, dat wier vermessen. Am Kloertext: ech checke meng Mailen nëmmen all 2. Dag. An enger Woch soen ech Iech dann, ob et der méi wéi 148 waren ...

RTL
Apropos