Gëtt et nach e Vëlo nom Lance?

Haut gëtt zu Paräis d'Editioun 2013 vum Tour de France virgestallt! Fréier - sou virun 3 Deeg - war dat en Highlight an der Aktualitéit, haut ass et scho bal en Non-Event. Et kann ee sech jo duerchaus Froe stellen, ob nach iergendwéi een den Iwwerbléck huet, wien dann elo a wéi engem Tour wat gewonnen oder besser wien am beschte gefuddelt huet.
Op „welt.de“ kann een souguer d'Tour de France Podiumen aus de Joeren 1996 bis 2006 gesinn an all Kéier ass d'Gesiicht duerchgestrach vun deenen, déi entweder positiv getest oder sanktionéiert goufen oder alles selwer zouginn hu méi spéit. Vun den 33 Plaze waren der grad nach 5 ze erkennen. An all déi aner, déi an deenen Touren „unter ferner liefen“ gefouert ginn, vun deene kee schwätzt, well se net virbäi waren oder vun deenen, déi guer net an d'Equipe koumen, well se net gutt genuch waren oder net genuch wollte sinn. Ginn et där?
Jo Froe kann ee sech stellen an och nach rose ginn doriwwer, datt een als Sportbegeeschterten esou bei d'Lisette gelooss gëtt.
Mee Stop! Si mer just d'Affer vum Bedruch oder éischter och en Deel dervun?
Ass de Sport- an an dësem Fall de Vëlosport - nach intressant a spektakulär genuch, wann se net Bierger bis op 2000 Meter héich eropdrécken oder mat iwwer 50km/h eleng a géint d'Auer pedaléieren? Kucke mer nach no, wann d'Cyclisten, zwar ëm d'Victoire kämpfen, awer vläicht net méi mat Héchstleeschtungen a Rekorder?
Ass d'Léift an d'Begeeschterung dann och nach grouss genuch? Gëtt dann nach de Roude Léif erausgeholl oder den Trikot ugedoen oder nach selwer voll Euphorie an d'Pedale gedréckt.
Oder ginn elo nom Lance all Vëloen un den Nol gehaangen?
Dat wier schued - ëmmerhin ass de Sport déi „schéinsten Niewesaach vun der Welt“ a si lenkt och alt emol of vun aneren däischtere Realitéiten an negativen Aktualitéiten. An där ginn et der scho genuch am Alldag. Och ouni de Skandal am Sport.
A Prënzenhochzäite kënnen ee grad emol all 30 Joer op aner Gedanke bréngen.