Een alternative Bléck op d'Chèques service

Wie vill kritt, huet méi ze verléieren, wéi een, dee souwisou nach ni eppes hat. Dofir sinn déi Räich an der Kris och méi schlecht drun wéi déi Aarm. An der läscht gouf sech jo net grad wéineg opgereegt, dass den Ënnerhalt vu Kanner, demnächst e puer Su méi deier kéint ginn, wéinstens mol fir déi mat de breede Schëlleren, also déi Räich an d'Bodybuilder.
Ech hat lo ee Bekannten aus Amerika op Besuch, deen huet d'Welt net méi verstan. Dohanne gouf et nach ni Kannergeld, seet hien, scho guer keng Chèque Servicen, an awer sinn d'Amerikaner alles anescht wéi um ausstierwen. An deene meeschten aner Länner op der Welt ass dat net anescht. Ech soe lo net, mir sollten dat och sou maachen, mä als kannerlose Jonggesell géif ech mech nawell iwwert eng Medaile oder wéinstens ee Merci vum Finanzminister freeën. Kannerlose Jonggesell, also ee Ménage unipersonnel ze sinn, ass ee Choix deen ëmmer méi Leit maachen, aus Iwwerzeegung, aus Patriotismus, dem Staatsbudget an der Ëmwelt ze léift. Als Bénéficiaire vun der Steierklass 1 huet een d'Recht der Staatskeess all Mount verhältnisméisseg vill ze iwwerweisen. Gläichzäiteg profitéiert een net vun ze héigen Abattemente, an et bleiwen engem all déi penibel direkt an indirekt Hëllefen erspuert, déi Famillje mussen unhuelen. Et däerf een also relativ gesi méi an d'Dëppen erastiechen, wéi een erauskritt, wat een noble Wee ass, sech mat de Matbierger solidaresch ze weisen.
Mat der Decisioun op Kanner ze verzichte leescht een och säi Bäitrag zu engem méi ökologesche Liewensstil hei am Land : Kanner, déi et net gëtt, verursaachen nohalteg keen CO2, si mussen net an d'Crèche, an d'Schoul an och net an d'Maison-Relais gefouert ginn, déi fir si net mussen op der grénger Wiss gebaut ginn, a si iwwerfuerdere kee Léierpersonal, dat fir si net muss agestallt ginn.
Leider ginn all des Efforte vun eiser Gesellschaft kaum unerkannt, a scho guer net belount. Dofir ass et fir ee kannerlose Jonggesell dann och net einfach bei sengen Iwwerzeegungen ze bleiwen, besonnesch, wann op Schratt an Tratt ee Minister steet a mat engem Pak Kamellen an Chèque Service wénkt, an engem an d'Ouer flüstert : „kuck dass de Kanner kriss, mir brauche Wuesstem, fir eis Pensiounen a Scholden ze bezuelen.“ Op d'Frontalieren ass, wat dat betrëfft, wéi et schéngt och kee Verlooss méi ...