Muer feiert kathoulesch Kierch seng Helleg – vun deenen offiziellen bis hin bei déi wou just hire Chef weess dat et der sinn. Mir aner gedenken op Allerhellgen virun allem eisen Verstuerwenen – all deene méi oder manner gudde Séilen déi ass méi oder manner laang schonns verlooss hunn. Traditionell geschitt dat um Kierfecht woubäi och ëmmer méi Matbierger Geléigenheet notzen e puer Deeg Vakanz ze maachen a sech mat enger Gedenkminutt telepathesch zu Wuert ze mellen – souzesoen spirituell Gréiss vun der Plage oder der Schipist.

Während Kierch sech am Glawen well begéinen hofft de Commerce dat dës Traditioun nach laang net ofgeschafe gëtt well de Fuerwëlz vun de Leit wär nach ëmmer e gutt Geschäft. Sou gëtt gären e Bléck op d'Arrangementer geworf: ob elo fir d'éischt Blummen op de Griewer oder awer d'Mäntel déi virdru stinn – dat ass egal. Dat muss awer vun Joer zu Joer méi schnell goen. Den Zäitdrock ass héich och well Kierch selwer ëmmer manner Séilen huet: wär fréier Relatioun minimum 1 zu 1 sou ass et haut 1 Paschtouer fir eng abberzuel Seenungen – geeschtlech Aarbecht am Accord. Dës Vitesse schéngt och weider keen ze stéieren – steet se dach och symbolesch fir eisen Ëmgang mam Doud am allgemengen – oder soll ech soen 'Net-Ëmgang'? – well d'Stierwen gehéiert am Géigesaz zu fréier net méi wierklech zu eisem Alldag; et ass keng Platz méi fir den Doud an eiser säkulariséierter Welt. Och Trauer passt net méi sou richteg an eis modern Biographien – eng Séil huet haut dës daags op mannst genau sou schnell ze heelen wei eng gebrachen Hand oder e Schnapp. An och wann Trauer net ustiechend ass, jiddefalls net am Sënn vun engem Infekt, gi mer awer sou domadder ëm: bleif doheem bis et besser geet! Keng Zäit dofir? Dann hëlleft just nach déi eng oder Pëll. A wann dat alles näischt hëlleft da schwätze mer léiwer iwwert dech wéi mat dir! Fir Karitas sinn ëmmer déi aner zoustänneg.

An deem Sënn versteet sech den Discours iwwert Trennung vun Kierch a Staat och meeschtens als e finanziellen a seelen als en transzendenten – well genau sou wéi de Staat dann seng Suen behält bleiwen d'Mënschen och op hiren Froen no Sënn an Zweck setzen – de Bluff oder Bedruch vun der Opklärung am Adorno sengem Sënn.

Fir muer hoffen ech perséinlech - an dat schonns e puer Joer - dat Gedenken net erëm begleet gëtt vun Panflutenmusek, gespillt iwwert eng Museksanlag déi dës Bezeechnung bis ewell nach ni verdéngt huet, an op engem Kierfecht souwisou näischt verluer huet – mä d'Hoffnung stierft bekanntlech als Allerlescht.