Den Titel ass definitiv net Programm. De Lëtzebuerger Kino feiert de Lëtzebuerger Film - en ass also net am „Doudege Wénkel“, nee de Film vum Christophe Wagner hält sech héich uewen am Box-Office a war vrun zwou Woche schonn op der Nummer 1.

Ob de Krimi och mam grousse 007 ka mathalen, dierft schwéier sinn, mä bleift ofzewaarden, well och vun den Entrées-Zuele vun dësem Weekend sinn se bei der Produktiounsfirma méi wéi begeeschtert. Et ass also endlech mol esou, datt een e Film „Made heiheem“ net nëmme mat der Floskel „Fir e Lëtzebuerger Film ass en net schlecht.“ kann definéieren.

Dësen onméiglech ongléckleche Saz ass wuel dat Schlëmmst, wat een engem Film-Mënsch soe kann. Ech ginn zou, mir ass dat och schonn iwwer d'Lëpse komm. An en daucht grad esou gär an anere Beräicher op an der Kultur, mä och doriwwer eraus. Heiansdo leide mer dach ënnert esou eppes wéi engem Minderwertigkeetskomplex, am Sënn vun: Mir déi Kleng mengen et net schlecht, doe kengem eppes zu Leeds a probéieren dach ëmmer eist Bescht. Dofir léif Grousser: Sidd léif mat eis, mir kommen eis och net ze vill bretze mat eisen decke Peien, eisen deieren Immobilien, eise bëllege Produiten an eisen nidderegen Taxen.

Mir mengen et net esou, et ass eben: Fir eist klengt Land ass dat alles net esou schlecht. Mat iech Grousse kënne mer net mathalen. Dat musst dir dach och verstoen? Oder net! Oder verstoppe mer eis, feig wéi mer sinn, hannert deem Saz, fir nëmmen net kritiséiert ze ginn, fir net musse Faarf ze bekennen a fir ëmmer eng Erklärung/Entschëllegung parat ze hunn?

„Fir e Lëtzebuerger Film ass en net schlecht.“ Dee Saz geet am Kino net méi op, sécher net eréischt zënter „Doudege Wénkel“, awer definitiv duerch „Doudege Wénkel“. D'Lat läit héich fir d'Produktioun, d'Kreatioun, de Publikum, de Courage. An dat kann de Lëtzebuerger Film nëmmen nach weiderbréngen.

Méi woen a manner entschëllegen - och kleng Länner sollen déi selwecht Qualitéitscritèren hunn! Net nëmmen am Kino!