Ween haut als Mann a punkto Moud eppes op sech hält, dee geet net méi ouni säi Schal eraus. Net dee gestreckte vun der Boma, dee géint Keelt, mä dee moudeschen, deen als Accessoire. Am beschter „légère“ ëm den Hals gebonnen a schonn ass en fäerdeg de moudebewosste Mann vun haut.

Am Prinzip ganz einfach: wann een awer esou ronderëm sech kuckt mierkt een, dat Realitéit e bëssen anescht ausgesäit. Do begéint ee Männer, déi ausgesi wéi wann se ferm den Hals wéi hätten, esou fest hunn se sech an hire Schal drapéiert. Dat ass natierlech e faux-pas, de Schal ass schliisslech net do fir ze wierme, mä fir schéin ze man. A schéi gesäit dat daks wierklech net aus.

Also nach eng Kéier, de Schal – een an enger gudder Längt – duebel huelen an da lässeg ëm den Hals leeën, dono d’Enner vum Schal duerch d’Schlauf –also Mëtt vum Schal zéien – a fäerdeg ass en – de perfekten Accessoire. Dat mat gudder Längt ass elementar. Ass de Schal nämlech ze kuerz, gesäit dat ganzt net cool, mä grotesk aus. Ass en ze laang, gesäit Resultat éischter no Spulllomp aus.

Et geet also drëm, de richtege Schal ze gebrauchen. Och d’Matière spillt eng wichteg Roll, de Stoff soll net ze reng awer och net ze deck sinn, soss verfeelt de Schal säin Zweck: nämlech de Mann ënnert dem Schal cool a chic, lässeg a sportlech wierken ze loossen.

Bei munche klappt dat formidabel, si gesinn aus wéi wann se frësch aus dem Katalog géinge kommen, si wierke cool, lässeg a sportlech. Keng Spuer afeg. Mee ee Moment – déi Type gesinn och ouni Schal esou aus. Vläit leit et also net nëmmen un der Längt an un der Matière vum Schal. Et ass méiglecherweis wéi bei de Leggings: do ginn et Fraen déi gesi formidabel mat Leggings aus a vill aner, déi besser ob dee moudeschen Artikel géinge verzichten.

AUDIO: Apropos