Eng schéi Geschicht

De Cliché ass bekannt: D'Fra hätt gären ee Mann mat Geld, an de Mann hätt gären eng Fra, déi gutt bei säin Auto passt. Wien e Gesiicht huet wéi een accidentéierte Camion, huet deemno keng Chance um Hochzäitsmaart. Eng jonk Chineesin hat dat séier erkannt a sech fir knapps 100.000 Euro tune gelooss. Den Investissement war seng Sue wäert, well d'Fra ass kuerz drop glécklech bestuet ginn.
De Misär ass ugaang, sou gouf et dëser Deeg vun den Agencë gemellt, wéi eis Protagonistin hiert éischt Kand op d'Welt gesat huet, an de Papp der Meenung war, dat wär sou ellen, säint kéint et ganz bestëmmt net sinn. Well de Bréifdréier wuel och keen Af war, huet d'Madame schliisslech misse mat der ellener Wourecht erausréckelen. Dat war net schéi fir den Här Jian Feng, gewuer ze ginn, dass en ouni säi Wëssen een Ellent bestuet hat, an sou huet hien d'Scheedung agereecht. Déi chinesesch Riichter, alleguerte wuel Männer mat guddem Goût, hunn him déi och accordéiert, a Schuedenersaz nach dobäi. Wat aus dem Kand ginn ass, gouf net gesot. Hoffentlech ass et keng Attraktioun op der Kiermes ginn.

Egal wéi, wann dat Uerteel Jurisprudenz mécht, da gëtt et witzeg. Da loossen d'Leit sech scheeden, well se no 15 Joer feststellen, dass se domm Kanner hunn, an dat well hire Partner deemools am Exame geknäipt hat, an also guer kee sou ee Schlauen ass, wéi ëmmer gemengt. Nëmme gutt, dass d'Pamela Anderson kee Meedchen huet, ech si mer sécher dass dat der Mamm hir bekanntsten Attributer … ech schwätzen natierlech vun de blonden Hoer, och net ierwe géif, a schwupps, scho wär déi nächste Scheedung fäerdeg.
Iwwregens, iert nach ee sech wonnert: Tätowéierunge loossen sech och net weiderverierwen. Ee kéiswäisst Kand tëscht tatoodekoréierten Elteren gesäit zwar heiansdo komesch aus, ass dofir awer nach kee Scheedungsgrond. Ech froe mech iwwregens, ob d'chinesesch Riichter an der Causa Jian Feng eigentlech d'selwecht decidéiert hätten, wann d'Madame 20 Joer méi al a genee sou vill Kilo méi schwéier gewiescht wär, fräi nom Motto: Den Här hat deemools awer ee Schlankt kaf, pardon bestuet, hie konnt jo net wëssen, dass dat een Deckt war, op Hongerkuer.
Wann d'Chinese Recht hunn, da si Léift, Romanz an dee ganze Buttek wierklech just Konzepter, déi alleng vun der Industrie erfonnt goufen, fir eis mat schnulzege Filmer an de Kino a mat schmalzege Bicher an d'Librairien ze lackelen. Eng elle Welt ... mat ellene Leit!